Search

You may also like

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Report der Magd“

Dës Graphic Novel vum Margaret Atwood sengem Report der Magd (berlin

money
UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock
Neiegkeeten

UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock

Dat grousst a laangwieregt Gedeessems mat de Briten, déi vu

Fundéiert Argumenter dierfen net ignoréiert ginn
Neiegkeeten

Fundéiert Argumenter dierfen net ignoréiert ginn

Datt am Kontext vun der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus

#checkyourfacts: D‘Jugend viru falschen Noriichte schützen

Eng Campagne vum Educatiounsministère an Zesummenaarbecht mat Bee Secure

De leschte Mëttwoch huet den SNJ, vertrueden duerch de Chef Georges Metz an de Koordinator vun der Campagne Jeff Kauffmann, déi nei Campagne #checkyourfacts vu BEE SECURE lancéiert. Eng Aktioun, déi d‘Zill huet, deene (ganz) Jonke Rotschléi an Instrumenter ze ginn, mat deenen déi sech géint d‘falsch Noriichten (Fake News) „wiere“ kënnen.

Noriichte

„Dat Haaptzil vun dëser Campagne ass et, ee bessert Versteesdemech fir Quellen, absichten, Mëttel an Ziler vun der Desinformatioun ze entwéckelen“, esou de Georges Metz. Un dëser Campagne bedeelegt sech als Haaptpartner den Zenter fir politesch Bildung (ZpB) © Martine de Lagardère/moien.lu

Et gëtt dobäi ëm esou Profanes wéi: „Wien huet d‘Informatioun erstallt, ass d‘Quell vertraulech a wéi presentéieren et déi aner?“. Dräi grondsätzlech Froen déi ee sech sollt beäntwerten, iert een eng „Noriicht“ an de sozialen Netzwierker deelt. Esou zumindest déi schonn zolidd optimistesch Siicht op den Ëmgang vu Jugendlecher mam Thema „News“.

 

Mee et sinn och déi kleng Schrëtt déi d‘Welt virubréngen an déi vill Atelieren an de Schoulen, mee och de Jugendhaiser, sollen hei e Beitrag leeschten d‘Jugend zumindest drop hinzeweisen, datt een oft gutt beroden ass, méi wéi d‘Iwwerschrëft vun engem „Beitrag“ cool ze fannen an déi dann de „Frënn“ weiderzeleeden. Mee wien huet esouvill Zäit?

Noriichte

„Desinformatioun fënnt een iwwerall a verschiddenster Form. De Phenomen ass wuel net nei, huet awer mam Opkomme vun den neie Medien zougeholl“, esou de Jeff Kauffmann, deen dës Campagne koordinéiert. © Martine de Lagardère/moien.lu

A well vun de „Fake News“ net nëmmen déi Jonk, mee esou gutt wéi jiddereen deen am Netz surft betraff ass, soll d‘Campagne – an enger anerer Form – och den „Erwuessenen“ respektiv de Senioren zerguttst kommen. Déi hunn net dee selwechten Ëmgang mat de sozialen Netzwierker, esou de Jeff Kauffmann a mussen anescht sensibiliséiert ginn.

Related topics checkyourfacts, Educatiounsministère, Fake News, Jugendschutz, SNJ, Zentrum fir politesch Bildung
Next post Previous post