Dossier Traversini: déi Onvermeidlech Fuerderung
An der Ëmweltkommissioun war et den CSV-Deputéierten net méiglech all
An der Ëmweltkommissioun war et den CSV-Deputéierten net méiglech all
Et ass eng Ausstellung déi ënnert d’Haut geet a wou
Den 20. Mee hat den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der
Dat ass villäicht richteg, ma et ass gläichzäiteg och falsch. Ech sinn dat schwaarzt Schof, ob ech schwätzen oder net. A wéinst deem falsche Respekt der Famill géigeniwwer ass d’Donkelziffer fir sexuelle Mëssbrauch esou héich.
Déi meescht Iwwergrëffer geschéien am enkste Familljekrees. Et ass dacks den eegene Papp, de Monni, de Cousin oder de Brudder. A wien zerstéiert d’Famill scho gären a schwätzt dann ëffentlech driwwer … Tatsaach ass, dass ënnert den Doten net nëmmen d’Affer leit. Jiddwereen ass dovunner betraff.
Dobäi kënnt dacks d’Angscht, dass engem net gegleeft gëtt. D’Affer mussen nach méi matmaachen, si gi vun der Famill moralesch fäerdeg gemaach. Se kréien hiert lescht Stéck Mënschlechkeet ofgeholl. Déi Erniddregunge sinn onnéideg.
Ech versti firwat et dann méi einfach ass de Bak ze halen. Leider. Ma dat ass net de richtege Wee, en ass just „méi kamoud“. Zemools fir déi Leit, déi esou Geschichten ënnert den Teppech kiere wëllen.
Mir musse méi oppe ginn – an nolauschteren. Och wann et wéi deet an eng Welt zerstéiert. Am Joer 2020 däerf dëst Thema net méi tabu sinn. Et verschwënnt net, wa mir eis Erliefnisser fir eis behalen. Grad dofir wëll ech mam gudde Beispill virgoen.
T’ass nämlech net selbstverständlech, dass sech mäi Liewen därmoossen zum Positive verännert huet. Ech wëll betraffene Fraen (an och de Männer oder Kanner) domat Mutt maachen, et ass wichteg sech net eleng ze fillen. Mir sinn alleguerte staark. Zesummen nach vill méi.
Opmaacherbild © Philipp Wuthrich / Unsplash