Search

You may also like

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt
Neiegkeeten

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt

Wéi gëschter annoncéiert ginn ass, wäert d’Frankfurter Buchmesse tatsächlech vum 14.

D‘Summervakanz mam Covid19
Neiegkeeten

D‘Summervakanz mam Covid19

Fir d‘Lëtzebuerger dierft et schwiereg ginn, dëst Joer a rou

Dem Prënz Charles säin éischte Gebuertsdag
Neiegkeeten

Dem Prënz Charles säin éischte Gebuertsdag

Haut feiert S.A.R. de Prënz Charles, Bouf vu LL.AA.RR. dem

Sträit ëm d‘Familljenzoulage vun de Frontalieren

Sträit ëm d‘Familljenzoulage vun de Frontalieren

Nodeems Lëtzebuerg vum EuGH verurteelt gouf, well d‘Regierung sech geweigert huet dem Conjoint vun engem Frontalier d‘Familljenzoulag fir d‘Kanner ze iwwerweisen, gëtt et elo ee Revirement an dësem däregen Dossier.

Zanter de Reform vun 2016, iwwerhëlt d‘Zukunftskeess fir Kanner net méi d‘Familljenzoulag fir Kanner vun de Liewenspartner vun de Frontalieren. Géint dës Decisioun huet ee Grenzgänger geklot a Recht kritt. Géint dëst EuGH-Urteel hat sech d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) gewiert a de Virworf vun der „Diskriminatioun“ ass däitlech zeréckgewise ginn.

De Virworf vun der Diskriminatioun hat sech op de Fait bezunn, datt zu Lëtzebuerg all Kand, ouni Konditioun, en Usproch op dës Allocatioun huet. Virun der Reform vun 2016, war d‘Situatioun déi: all Kand datt am Haushalt vun den Elteren, deem vum Papp oder der Mamm (déi eleng d‘Erzéiung an den Ënnerhalt sécheren) hat ee Recht op dës Familljenzoulag. Dat gouf nei definéiert.

Esou ginn zanter 2016 als „Familljemember“ d‘Kanner aus dem Bestietnes, aus der „Bezéiung“ an déi „adoptéiert“ ugesinn. Dorausser huet sech erginn, datt d‘Kanner vum Liewenspartner vun engem Frontalier, keen Usproch méi op d‘Familljenzoulag aus der Zukunftskeess fir Kanner erhiewe kënnen. D‘Zukunftskeess huet gemengt datt et sech hei net ëm ee soziale Virdeel handelt.

Deemno fir d‘Familljenzoulag ee perséinlecht Recht vum Kand dat zu Lëtzebuerg wunnt. Dat huet den EuGH anescht bewäert, firwat d‘Regierung opgefuerdert gouf, entspriechend Korrekture virzehuelen. An der zoustänneger Chamberkommissioun, huet d‘Corinne Cahen den Deputéierten dräi Léisungsvirschléi ënnerbreet, fir den europäeschen Texter ze entspriechen.

Schwéiere Kascht

Eng vun de Léisung géif doranner bestoen, d‘Familljenzoulag fir d‘Kanner vum Liewenspartner vum Frontalier auszebezuelen. Dat awer géif net d‘Egalitéit tëscht de Kanner vum Grenzgänger an de Kanner déi zu Lëtzebuerg wunnen instauréieren, well fir déi am Land residéierend Kanner stellt sech d‘Konditioun vum Ënnerhalt net. Et wier och net iwwerpréifbar op d‘Konditioun agehale gëtt.

Zudeem bleift de Problem u sech jo och bestoen, well vun dësem si jo all d‘Kanner betraff déi am Haushalt vum Frontalier gemellt sinn. Et kéint een da soen, datt een d‘Familljenzoulage generell ouni Konditioun ausbezilt. Dat awer géif derzou féieren, datt d‘Familljenzoulagen och da bezuelt misste gi wann de Frontalier kee Lien zu de Kanner huet. Déi missten net emol an der EU wunnen.

Béid Léisunge sinn deemno net ziilféierend, firwat d‘Familljeministesch proposéiert, d‘Allocatioun net méi um Kand festzemaachen, mee um Demandeur – an dësem Fall dem Frontalier. Esou wier et méiglech vun der Familljenzoulag all déi Kanner auszeschléissen déi kee Bezuch zu Lëtzebuerg an net dem Frontalier ofstamen. Esou géif et dann eng Egalitéit fir all d‘Salariéeën, woubäi nees aner „Kategorie“ vu Leit ausgeschloss géifen. Den Thema ass e bleift esou weiderhi komplizéiert…

Wann een dëse Wee geet, muss ee fir d‘Familljenzoulag ze kréien, bei der Sozialversécherung op der Basis vun enger berufflecher Aktivitéit ugemellt sinn. Dat géif dann nees bedeiten, datt Elteren déi nach am Studium sinn, net méi eligibel fir dës Allocatioun wieren. Esou wéi et aus der Informatioun vun der Chamber ervirgeet, wieren dann zu Lëtzebuerg 340 Kanner „ausgeschloss“.

Et sinn awer net eleng d‘Studenten, déi betraff sinn. Dës Mesure géif sech dann och bei „besser gestallte“ Mënschen, déi net musse schaffen, wéi och d‘Beamte vun der EU mussen uwennen. D‘Membere vun der Kommissioun wëllen elo dat wat hinne virgeluecht gouf an hire Fraktiounen, respektiv politesche Sensibilitéite beroden an sech den 20. Januar nach emol concertéieren.

Illustratioun: © Charles Deluvio / unsplash

Related topics Allocatioun, Corinne Cahen, Familljenzoulagen, Frontalier, Grenzgänger, Zukunftskeess fir Kanner
Next post Previous post