Search

You may also like

Neie Stroossebelag fir d’A1 tëscht den Echangeuren Hamm a Sennengerbierg (09.-12.07.2021)
Neiegkeeten

Neie Stroossebelag fir d’A1 tëscht den Echangeuren Hamm a Sennengerbierg (09.-12.07.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt vun e Freideg, den 9. Juli

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn
Neiegkeeten

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn

De Wahlkampf ass endlech offiziell un! Haut ass de leschten

Jordanien: Skandal am Kinnekshaus
Neiegkeeten

Jordanien: Skandal am Kinnekshaus

Interessant a verwirrend sinn d‘Noriichten aus dem jordanesche Kinnekshaus. Dem

Déidleche Familljesträit zu Géisdref

Déidleche Familljesträit zu Géisdref

De Sonndeg, den 13. Juni 2021 gouf de Parquet vun Dikrech iwwert den Dout vun engem 36 Joer ale Mann an enger Wunneng zu Géisdref informéiert. Et huet sech erausgestallt, datt d’Affer a säin 30 Joer ale Brudder e Sträit haten, dee wuel eskaléiert ass.

De Rettungsdéngscht, dee kuerz virdrun op d’Plaz geruff ginn ass, konnt nëmmen nach den Dout feststellen. E Vertrieder vum Dikrecher Parquet huet direkt eng Enquête vun der Police Judicaire gefrot, zesumme mam Ënnersichungsriichter ass hien op d’Plaz gaangen. D’Autopsie, déi fir e Méindeg de Mëtte geplangt ass, soll déi genee Doudesursaach ermëttelen, de Brudder, de presuméierten Täter gëtt vum Ënnersichungsriichter gehéiert. Bis datt de Fall gekläert ass, gëllt d’Onscholdsvermuddung.

Illustratioun: © Andy Li / unsplash

Related topics Géisdref, Homicide, Onscholdsvermuddung, Parquet, Police
Next post Previous post