Den Immunolog warnt a kee lauschtert no
Den US-Immunolog Dr. Anthony Fauci huet virun der Gesondheetskommissioun vum
Quiitschend Pneuen, jaulend Motoren a gutt Musek: Esou héiert sech
Um Owend vum 12. Januar, géint 21:15 Auer, gouf am
Esou rifft Fairtrade Lëtzebuerg dozou op, vir d’Legislatioun um nationalen Niveau endlech virunzebréngen an déi concernéiert Acteuren ze sensibiliséieren. Schonn am Mäerz 2020 koum vun der ONG en Appell fir méi Transparenz fir Firmen, déi mat Konfliktmineralie schaffen.
De Problem besteet doran, datt dës sougenannt 3TG-Mineralien – hei handelt et sech ëm Zënn, Tantal, Wolfram a Gold – bei hirer Extraktioun an dem Commerce mat Gewalt verbonne sinn. D’Bezeechnung vun de „bluddege Mineralien“ kënnt net vun ongeféiert: Sklaverei, Kanneraarbecht, Folter a Vergewaltegung si just e puer Konflikter, déi mat de Mineralien a Verbindung stinn.
E wichtegt Reglement fir eng Liwwerketten ouni Gewalt a Mënscherechtsverletzungen
„D’Europäescht Reglement, dat 2017 ënnerschriwwe ginn ass, verlaangt obligatoresch Kontrollen vu „responsabeler Suergfalt“ fir d’Importateure vun Zënn, Wolfram, Tantal a Gold, dat aus Konfliktzone kënnt an en héije Risiko opweist“, deelt Fairtrade Lëtzebuerg mat.
An esou freet sech d’ONG zurecht, wéini bei eis am Land e Gesetzesprojet virgeluecht gëtt an e Vott usteet. Bis den 1. Januar 2021 ass et net méi laang.
Dofir fuerdere si konkret:
Laut Fairtrade sinn 20 Lëtzebuerger Entreprisen vum Reglement betraff, an och de Staat muss bei sengen ëffentlechen Akeef mat Respekt virgoen.
Eréischt am Februar 2018 hat d’Chamber eng Motioun gestëmmt, fir an Zukunft bei Keef eng raisonnabel Suergfalt um Niveau vun den duerch d’Reglement 2017/821 concernéierte Metaller unzewennen. Elo wier et also wichteg e Bilan ze maachen, wéi d’Motioun säit 2018 praktesch ëmgesat ginn ass.
Als Kandidat fir e Sëtz beim Rot vun de Mënscherechter vun der ONU wier et och gutt, fir sech als Virbild ze weisen an Deel vun engem konstruktiven Dialog mat de Memberlänner ze ginn.
Opmaacherbild: © Commission Justice et Paix