Search

You may also like

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag
International Neiegkeeten Stories

Lux-Airport: Prinzipiellen Accord fir d‘Erneierung vum Kollektivvertrag

Den OGBL informéiert, datt si als majoritär Gewerkschaft zesumme mam

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran
International Neiegkeeten Stories

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war
International Neiegkeeten Stories

Police: Wat op eise Stroossen esou lass war

Et war nees en ustrengenden Donneschdeg fir eis Polizisten. Si

Faschisten an der EU vereenegt iech!

Fidesz, PiS a Lega Nord sinn am Begrëff eng nei Fraktioun am EU-Parlament op d‘Been ze stellen

Faschisten an der EU vereenegt iech!

Datt esou ee politeschen Offall wéi déi ungaresch Fidesz, déi polnesch PiS an d‘italienesch Lega Nord (an et si jo leider net déi eenzeg) iwwerhaapt en Existenzrecht huet, ass zwar der Demokratie geschëlt, besonnesch awer der Dommheet an dem egoisteschen Denke vu villen EU-Matbierger.

Sech an Europa nach ëmmer mat Faschiste mussen erëmzeschloen, ass keen Zoufall an ugesiichts de Prioritéite bei der Ausbildung vun de Generatiounen, scho bal erzwongen. Nodeems de Viktor Orban d‘Fidesz aus der EPP gefouert huet, well et esouguer de konservative Kräften en Uleies ze si schéngt, d‘Rechtsstaatlechkeet ze beworen, gouf e de Wee fir een neie faschistesche Mouvement fräi gemaach. Am Bunker zu Budapest, huet den Orban déi nei europäesch Nazi-Elite empfaangen.

Nom „bronge“ Sommet op der Buerg, hu sech de Viktor Orban, de Mateusz Morawiecki an de Matteo Salvini mat enger gemeinsamer Erklärung un d‘Welt geriicht. Si wéilten sech fir eng „europäesch Renaissance“ asetzen, an de ville Milliounen EU-Bierger, déi politesch net vertruede wieren, eng nei Heemecht ze bidden. Gemengt sinn déi vill „identitär“, „homophob“ a generell friemefeindlech Bierger, déi mengen en Autoritäre Regime géif zu hire Gonschten entscheeden.

Kräid gefriess

Dat dës politesch Verbriecher – déi och weiderhi vun de konservativen, a ganz besonnesch der däitscher CDU/CSU hofféiert ginn – hunn natierlech nëmme Guddes am Sënn an sinn, wéi déi allermeeschten Diktatoren a sonsteg Mäerder, ganz enk mat der kathoulescher Kierch verbonnen. Déi huet dann och net nëmmen eng stramm pedophil Fraktioun, mee ass och traditionell mam Faschismus, hiren Iddien an der Muecht verbonnen. D‘Geschichtsbicher strotze vu Beispiller…

An déi dräi Rassiste wëssen, datt d‘Leit einfach Äntwerten op komplex Froe brauchen, an et wuel och iergendee Schëllege brauch, deem een déi eegen Onzefriddenheet, jo d‘Onverméigen an déi verpasste Chance kann ulaaschten. Et gëtt dann och zur Virstellung vum Zesummeschloss, ëm ganz praktesch Ziler a Wäerter: Famill, individuell Würd an d‘Chrëschtentum. Iwwersat: d‘Fra soll nees hannert d‘Kachdëppen, de Schwulen an d‘Therapie an de Moslem a seng Grenze verwise ginn.

Net nei a mir hu Schold

Elo ass et net esou, dat d‘Faschisten „plëtzlech“ opgetaucht sinn. Nee grouss Acteuren aus Industrie a Wirtschaft, mächteg Financieren an net zu gudder Lescht och mir zu Lëtzebuerg, droe Matschold un der Renaissance vum Faschismus. Och zu Lëtzebuerg gëtt et vill Zousproch fir d‘Ideologien déi dës dräi Faschiste verkierperen, an dat virzuchsweis wëll mir mat eis selwer onzefridde sinn, en den Effort seng Situatioun ze verbesseren awer scheit. Feindbiller si praktesch an et ass net ustrengend.

2019 hat et en éischte Versuch ginn, d‘Faschiste bannent der Unioun, also dem EU-Parlament an enger Fraktioun ze vereenen. Elo ergëtt de Faschisten awer net besser wéi de konservativ-liberale Parteien: och hei steet ëmmer den eegenen Interessi am Virdergrond, dann d‘Interesse vun den noe Frënn, eventuell dat vum eegene Land… a wann eppes Zäit iwwreg bleift, och fir déi „aner“ mam selwechte politesche Gedanken. Zum Gléck fir d‘Demokratie, sinn d‘Drecksäck sech net eens.

Eng Ideologie, zwou Fraktiounen

Dat sech no den Europawahlen direkt zwou faschistesch Fraktioune bannent dem EU-Parlament gebilt hunn, ass dem groussen Ego vu gewëssen Acteure geschëlt. Esou huet et d‘Fraktioun „Identitéit & Demokratie“ där hir erkläerten Zill et ass déi Europäesch Unioun nei auszeriichten. Si zielt 74 Parlamentarier an dem Matteo Salvini seng brong Horden si stäerkste Kraaft. D‘Fraktioun ass och d‘Heemescht vum Rassemblement National (Frankräich) an der AfD (Däitschland).

Op där aner säit déi vu Gott auserwielte Faschiste: an der Fraktioun: „Europäesch Konservativ a Reformer“ huet et 62 Parlamentarier an hei ass d‘PiS déi stäerkste Kraaft. Si stellt hir Politik an Aktiounen ënnert de Schutz vun der (nach ëmmer) mächteger Kierch, wënscht sech nees esou eppes wéi Inquisitioun. Dës zwou Fraktiounen ze vereenen, ass elo d‘Zil vum Viktor Orban, deen decidéiert ass, an d‘Foussofdréck vu senge groussen Idoler ze trieden. Mee geet sech dat elo op?

Anescht d‘selwecht

Wann déi asozial Volleksvertrieder déi selwecht Grondsätz verdeedegen a fir déi selwecht schlecht Ziler antrieden, esou heescht dat net, datt ee sech verdroe géif oder drop verstännege géif, d‘Muecht an den Afloss op méi Schëlleren ze verdeelen. Esou gëtt et beispillsweis ganz ënnerschiddlech Siichte wéi mat Russland ëmzegoen ass. D‘Polen leide geschichtlech nach ëmmer ënnert dem Stalin-Hitler Pakt, woubäi de Morawiecki net regrettéiert, datt d‘Land vun de Judde befreit gouf…

D‘PiS an d‘Fidesz hunn zudeem méi gemeinsam, wéi dat déi gären opgelëschten Ënnerscheeder ze beweisen am Stand sinn. Si sinn d‘Hoffnung an d‘Vertrieder vum „Nationalismus 2.0“, dee ganz Europa kéint an de Wiergegrëff huelen. Kéimen dës Drecksäck op e gemeinsamen Nenner, also gëtt et en Zesummeschloss, da wieren d‘Faschisten déi zweetstäerkst politesch Kraaft. Direkt hannert hiren inoffiziellen Alliéierten, der EPP vum Manfred Weber, een enke Frënd vum Viktor Orban.

mat indymedia/bru

Foto: De Führer hat agelueden, an déi zwee Leader vun de faschistesche Fraktioune ware komm. Zu Budapest huet sech déi faschistesch Elitte vun der Europäescher Unioun iwwer ee méiglechen Zesummeschloss vun de Fraktiounen ënnerhalen. Geléngt et dës onséileg Verbindung vu Mäerder a Verbriecher mam Seege vun der kathoulescher Kierch? Dovunner sollt een ausgoen… © Lega Nord

Related topics Europa, Faschismus, Fidesz, Lega Nord, Mateusz Morawiecki, Matteo Salvini, PiS, Viktor Orban
Next post Previous post