Search

You may also like

CBD – e schwierege Business
International Neiegkeeten

CBD – e schwierege Business

Wann et richteg ass, datt am Regierungsprogramm d‘Legaliséierung vum „rekreative“

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur
International Neiegkeeten

En „Accord de Principe“ beim Kollektivvertrag am Bankesecteur

Et geschéien nach Zeeche a Wonner: no 18 Méint Verhandlunge

Däitschland beréit iwwert ee Lockdown-Light
International Neiegkeeten

Däitschland beréit iwwert ee Lockdown-Light

Déi aner Säit der Musel huelen d‘Covid19-Infektiounszuelen nees massiv zou,

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen

NPD soll vu staatlecher Parteiefinanzéierung ausgeschloss ginn

Däitschland: De Faschisten de Geldkrunn zoudréinen

D‘Bundesverfassungsgeriicht zu Karlsruhe muss sech op en Neits mat engem Verfare géint déi faschistesch a rietsextrem ausgeriichten NPD befaassen. Deem ass en Antrag vum Bundestag, Bundesrat a Bundesinneministère agaangen, mat deem den Ausschloss vun der Parteiefinanzéierung gefuerdert gëtt. Den Antrag soll 150 Säiten ëmfaassen…

Et sollen dem Antrag iwwer 300 Beleg bäigeluecht gi sinn, an deenen déi verfassungsfeindlech Aktivitéite vun der NPD nogewise ginn. Aus dësen Dokumenter soll och ervirgoen, datt d‘NPD déi parlamentaresch Demokratie veruecht a sech engem „vëlkeschen Denken“ verflicht huet, déi dem Prinzip vun der Mënschewierd widdersprécht. Et ass net den éischte Versuch vu Bund a Länner der NPD den Dicks ze béien.

FaschistenViru gutt zwee Joer, hate Bund a Länner en Antrag agereecht, mat deem d‘NPD als Partei sollt verbuede ginn. D‘Bundesverfassungsgeriicht huet zwar d‘Verfassungsfeindlechkeet aktéiert, mee d‘Partei verbidde wollten d‘Geriicht dann um Enn awer net. Begrënnt gouf dat sengerzäit mam Argument, datt d‘Faschisten „ze schwaach wiere fir hir Ziler duerchzesetzen“. An esou war d‘NPD och eligibel fir d‘Parteiefinanzéierung.

Faschisten

Wann et kee Geld méi aus der Staatskeess gëtt, mussen d‘Unhänger an d‘Täsch gräifen. Déi Hessesch NPD hunn hir Géigenoffensiv scho lancéiert.

Domadder kéint et deemnächst eriwwer sinn. Entgéint dem Antrag op Verbuet, huet dësen Antrag, deen der NPD de Geldkrunn zoudréine kéint, richteg Aussiichten op Erfolleg. Ginn elo d‘Riichter zu Karlsruhe de Kläger Recht, ass d‘NPD fir mindestens sechs Joer vun der Parteiefinanzéierung ausgeschloss. An Däitschland kréien d‘Parteien déi u Wahlen deel huelen, eng Finanzhëllef déi sech ob d‘Wahlresultat bezitt. 2018 waren dat awer ëmmerhin nach 878.000 Euro…

FaschistenAn datt d‘NPD net nëmme rietsextrem ass, mee sech kloer a bewosst der faschistescher Ideologie verschriwwen huet, léisst sech dem Parteiprogramm enthuelen. Hei steet am éischte Kapitel: „Volkstum und Kultur sind die Grundlagen für die Würde des Menschen“ woumadder d‘NPD däitlech mécht, datt fir d‘Würd vum Mënsch u Konditioune gebonnen ass. Si stäipen sech géint de Gläichheetsprinzip a fuerderen en homogene Vollekskierper.

mat indymedia/ber

Foto: © NPD Bundesverband

Related topics Bundesverfassungsgeriicht, Faschisten, Heemechtspartei, NPD, Parteiefinanzéierung
Next post Previous post