Search

You may also like

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land
International Kultur Neiegkeeten

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land

Si sinn déi grouss Gewënner vun de Chamberwahlen 2018. Zéng

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen
International Kultur Neiegkeeten

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen

Leschte Samschdeg huet sech den Europa- an Inneminister Jean Asselborn

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten
International Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg engagéiert sech géint d‘Bombardéierung vun Zivilisten

Den 2. an 3. Oktober hate Vertrieder vun der ONG

Fashion Revolution Week 2019 – nach bis den 28. Abrëll!

Fashion Revolution Week 2019 – nach bis den 28. Abrëll!

Dës weltwäit Campagne jäizt no enger fairer, sécherer a méi transparenter Moude-Industrie. Bis zum 28. Abrëll 2019 ass d’Fashion Revolution Week och nees zu Lëtzebuerg aktiv. Mat Respekt fir d’Mënschen an de Planéit ka jiddweree vun eis moudesch duerch den Alldag spadséieren!

Vun Australien bis Brasilien, vun Uruguay bis Vietnam – méi wéi 275 Millioune Mënsche ginn erwaart fir bekannt Marke mat #whomademyclothes ze froen, wien hir Kleedung hiergestallt huet.Ënnersëtzt gëtt d’Aktioun vum Jasmine a Melissa Hemsley, dem Wilson Oryema, @dresslikeamum a Stories Behind Things. Gemeinsam soll d’Industrie dozou beweegt gi sech ëm d’Ëmwelt ze këmmeren an den Aarbechter, dorënner zemools Fraen, eng Stëmm ze ginn.

Esou ginn an 100 Länner iwwer 1.000 Evenementer zum Thema Fashion gehalen: ob Catwalks, Kleeder-Presentatiounen, Filmprojektiounen, Diskussiounen, oppe Studioen oder Workshoppen, hei sollt fir eis all eppes dobäi sinn.

No der offizieller Erëffnung um 22. Abrëll fënnt haut vun 18:00 bis 22:30 Auer den Big Clothes Swap am Gudde Wëllen (17, Rue du Saint Esprit 1475 Lëtzebuerg) statt. Hei kann een eege Kleedung matbréngen, déi een net méi undeet a se géint een anert Dramstéck tauschen, Méi Informatiounen HEI.

Fashion Revolution Week 2019

Muer gëtt da Smart Casual Talks organiséiert. Vun 18:00 bis 20:30 Auer kann een um Boulevard Prince Henri 29 bei enger inspiréierender Diskussiounsronn deelhuelen, wou et ëm d’Stäerkung vun der nohalteger Kleedung zu Lëtzebuerg a villes méi gëtt. Mat interessanten Invitéeën aus dem Secteur kritt jiddwereen een idealen Abléck an dës Thematik. Méi Informatiounen HEI.

Fashion Revolution Week 2019

Eng global Beweegung mat kloren Zieler

D’Fashion Revolution sicht konsequent no Léisungen, fir esou a Richtung fair a sécher Moud ze kommen. Amplaz ee schëllegen ze siche probéiere si zesummen no positiven Ännerungen a Kollaboratioune mat Entreprisen ze sichen. Dobäi nennen si sech selwer „Pro-Fashion Protesters“, wëll si d’Léift fir Moud liewen.

Zesummen erreecht ee méi an esou soll ee mat dem Engagement vun der gesamter Bevëlkerung d’Produktioun an de Konsum änneren. Dobäi musse Kollaboratioune vun A bis Z getraff ginn, also vum klenge Bauer an Händler bis hin zum Konsument. Nëmmen esou kann een d’Industrie an déi richteg Richtung leeden.

Related topics Big Clothes Swap, Ethesch Moud, Fashion Revolution Week 2019, Kleedung, Smart Casual Talks
Next post Previous post