Eng Staatspresidentin fir de Kosovo
D‘Parlament zu Pristina ass op de Virschlag vum Ministerpresident Albin
D‘Parlament zu Pristina ass op de Virschlag vum Ministerpresident Albin
Laut dem US-Ausseminister Mike Pompeo, ass den Dschawad Sarif d‘Gesicht
Zu Berlin waren um Samschdeg d‘Mënschen op d‘Strooss gaangen, fir
Am Alter vu grad emol 80 Joer ass de Faustino Cima, deen am ganze Land nëmmen als „Fausti“ vu Jonk an Al genannt gouf, ee Samschdeg verstuerwen. Den „Allround-Artist“ wéi de Fausti gäre beschriwwe gëtt, war iwwer Joerzéngten ewech eng Aart kulturellen Ambassadeur vun eisem Land.
Fir seng artistesch Carrière huet de Museker, ausser Publikum, net vill gebraucht. Kee Bistro war ze kleng, mee et war him och keng Bühn ze grouss. Op Volleksfest oder Béierzelt, d‘Optrëtter – grad an der Fuesent – loossen sech net méi zielen. Am Land gouf dann och keng zwou Meenungen, de Fausti war dat gréisst, a wou hien opgetrueden ass, war et séier schwaarz vu Leit. 69 Joer laang…
Scho mat 12 Joer, huet de Fausti – dunn nach Schüler am Stater Conservatoire – säin Täschegeld mat senger „Konscht“ gemaach. Als Akkordeonist war hien ee wëllkommene Gaascht op all Kiermes. Hien huet a renomméierten Orchester gespillt, war laang Joren an der Cabaretszeen op der Rull, an huet op däitsch, englesch „Chartbreaker“ parodéiert. Elo ass de Fausti „Kulturgeschicht“.
D‘Redaktioun dréckt der Famill hiert häerzlecht Bäileed aus
Illustratioun: © Kenny Orr / unsplash