Editorial: Hoffnung ass keng Strategie
An d‘Kamera grinsen an dobäi ausgesi wéi een Namurskichelchen, sinn
An d‘Kamera grinsen an dobäi ausgesi wéi een Namurskichelchen, sinn
Wéi de CGDIS matdeelt hunn um fréie Moien 3 Garagen
Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel
Hannert dem engleschen Numm „Crossfunctional Dashboard“ verstoppt sech eng Instrumententafel, déi mat Donnéeën zum Covid-19 zu Lëtzebuerg gefiddert gëtt. Fir d’Informatiounen einfach verständlech ze visualiséieren, funktionéiert den Dashboard mat der VisWall – enger Visualisatiounsmauer aus 24 héichopléisenden Ecranen vu jeeweils 46 Zoll an enger Gesamtbreet vu 7 Meter – zesummen.
A Presenz vun de Representanten vun Organisatiounen, déi hir Donnéeën mam LIST deelen, dorënner de Centre for Systems Biomedicine (LCSB) vun der Uni.lu, de Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) a Luxinnovation, huet den Thomas Kallstenius, Generaldirekter vum LIST, déi verschidde Asazberäicher presentéiert.
No e puer wéinegen Handgrëffer ass de sozio-ekonomesche Modell op der VisWall projezéiert ginn. D’Infektiounszuelen, Chifferen zu de geheelte Patienten an Besetzung an de Spideeler goufe verdäitlecht an souguer Direktbiller vun de Kameraen vun de Lëtzebuerger Autobunnen kënne betruecht ginn.
Mat der Applikatioun „Digital Twin“ gëtt et méiglech, datt en Deel vum Dashbord sech mat Sensore a gréisserer Distanz, beispillsweis engem Gebai an der Stad, verbënnt an esou Donnéeën an Echtzäit verschéckt ginn. Ma, d’Interaktioun mat Videoen oder och d’Beweegen an d’Manipuléiere vu Kaarten ass machbar.
An noer Zukunft well een den Outil mat weidere Funktiounen equipéieren, ënnert anerem mat kënschtlecher Intelligenz. Aktuell dréit den Dashboard awer schonn dozou bäi, datt d’Fuerscher hir Modeller opbauen, verbesseren a bewäerten ze kënnen. Souwuel de Bléck op d’Gesamtsituatioun, wéi och op spezifesch Beräicher erliichtert d’Aarbecht vun de Wëssenschaftler an de politeschen Entscheedungsdréier.
„Dësen Tableau de Bord ass ee Beispill vun der exzellenter Zesummenaarbecht tëscht den Acteure vun der ëffentlecher Fuerschung, eng Kollaboratioun déi ech nëmmen encouragéiere kann an déi et der ëffentlecher Wëssenschaft erméiglecht d’Regierung an effikasser Manéier am Kader vun der Krisegestioun z’ënnerstëtzen“, sou de Minister Claude Meisch.
Dës Weideren huet den Thomas Kallstenius, CEO vum LIST, ervirgehuewen, datt et e gemeinsamt Zil fir déi politesch Responsabel wärend der Pandemie z’ënnerstëtzen. Donieft wéilt ee Lëtzebuerg, matten an der sanitärer Kris als digitalen, nohaltegen a resiliente Finanzmodell positionéieren.
(v.l.n.r.) Thomas Kallstenius, Generaldirekter vum LIST; Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung; Franz Fayot, Wirtschaftsminister © LIST