Search

You may also like

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot
International Neiegkeeten

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot

De Schäfferot vun der Käerjenger Gemeng huet a senger Sëtzung

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention
International Neiegkeeten

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention

Leschte Weekend gouf nees zougestach – ok, esou schlëmm wéi

Liicht politesch Onrouen an der Belsch
International Neiegkeeten

Liicht politesch Onrouen an der Belsch

Nodeems de Charles Michel e Samschdegowend konnt gemaach huet, datt

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Arméi-Veteran soll „Revanche“ fir Christchurch virgehat hunn

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark Steven Domingo (26) festgeholl, well dëse soll en Attentat op eng Rietsextrem Veranstaltung virgehat hunn. Dës Dot wier als Revanche fir den Attentat op zwou Moscheeën zu Christchurch (Neiséiland) geplangt gewiescht.

Op dee falsche getraff

Laut den Autoritéiten hätt sech de Mann géintiwwer engem verdeckten Ermëttler als Moslem ze erkenne ginn, an de Wonsch ausgedréckt als Märtyrer fir säi „Gott“ ze stierwen. Zu dësem Zweck wollt hie sech e sougenannten „improviséierte Sprengsaz“ (IED) besuergen, a bei engem politesche Meeting zu Long Beach (CA) asetzen. No der Iwwergab vun engem „Dummy“ gouf hie verhaft.

FBI

De Procureur, Nick Hanna, huet um Méindeg d‘Medien iwwert de Fall informéiert: „Dës Ermëttlung huet derzou bäigedroen ze verhënneren, datt ee gutt trainéierten Zaldot, dee widderholl betount huet et méiglechst grousse Schued mat esouvill Affer wéi méiglech unzeriichten“. E Samschdeg gouf d‘Plainte deposéiert a gëschter Mëtteg gouf et eng éischt Entrevue mam Riichter.

Ënnerstëtzer vum IS?

Zum Hannergrond: gewosst ass datt de 26 järegen ex-Zaldot am Afghanistan agesat ginn ass. Wéini genee hien „d‘Säite gewiesselt huet“ ass esou net matgedeelt ginn. Bestätegt gouf, datt sech de Mark Steven Domingo an Internet-Foren zur extremistescher Form vum Islam bekannt huet. Wéi et weider heescht, soll hien d‘Terrormiliz „Islamesche Staat“ (IS) ënnerstëtzt hunn.

FBI

De Mann kuckt elo schwéieren Zäiten entgéint. US-Autoritéite versti generell kee Spaass, mee bei Terror ass den Uewe ganz aus. Ugeklot gëtt hie wéinst dem geplangten Uschlag an Ënnerstëtzung vun enger terroristescher Organisatioun. Ugesiichts de Fakten an de Beweiser, muss de Mann mat enger Prisongsstrof vu bis 15 Joer rechnen. Sollte weider Virwërf erhuewe ginn, ass méi dran…

mat indymedia/lax

Bild: (video grab)

Related topics FBI, Kalifornien, Mark Steven Domingo, Nick Hanna, Terror
Next post Previous post