Search

You may also like

Israel schléit um Mound op!
International Neiegkeeten

Israel schléit um Mound op!

Si haten en Dram an hunn alles dru gesat dësen

Well Katastrophe, Krankheeten an Onglécker keng Staatsgrenze kennen
International Neiegkeeten

Well Katastrophe, Krankheeten an Onglécker keng Staatsgrenze kennen

Mam neien Ofkommes zur grenziwwerschreidender Noutfallrettung tëscht Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?
International Neiegkeeten

Weltdag vum Diabetis: Wéi virbeugen, behandelen an domat ëmgoen?

Fir gréisser Komplikatiounen a Risiken ze verhënneren, ass Virsuerg an

FDC: 545 Milliounen Euro an der Industrie vun de fossillen Energien

FDC: 545 Milliounen Euro an der Industrie vun de fossillen Energien

No de Rechnunge vun déi Lénk huet de Kompensatiounsfong (FDC) am Ufank vum Joer op mannst 545 Milliounen Euro an d’Industrie vun de fossillen Energien investéiert. Dëse Befonnt weist ee komplette Manktem u Kohärenz bei der Regierung. De kuerzweilege Profit ze privilegéieren, andeems an dëse Secteur investéiert gëtt ass immens irresponsabel, wann een déi enorm Erausfuerderunge kuckt, déi duerch de Klimawandel opkommen.

FDC

© déi Lénk

Andeems ee sech op de jäerleche Rapport vun 2018 vun der SICAV vun de Kompensatiounsfonge vun der Sozialer Sécherheet (FDC) bezitt, hunn déi Lénk de Montant vun den Investissementer a fossil Energië vum FDC ausgerechent. De Befonnt ass erdréckend: D’Fonge leien op enger Héicht vu 545 Milliounen Euro an den Entreprisen, déi direkt un der Exploitatioun vu fossillen Energie bedeelegt sinn. Par konter investéiert den FDC just 21 Milliounen Euro an erneierbar Energien.

FDC

© déi Lénk

D’Zuel vu 545 Milliounen Euro entsprécht den Investissementer, deen de Rapport de verschiddene Kategorien noseet, mat Verbindung zu de fossillen Energien. Déi real Zuel muss allerdéngs op een nach méi héije Montant geschat ginn, wat duerch indirekt Investissementer an Investissementer a gemëschten Entreprisen ze erklären ass.

Déi responsabel Politik vum FDC ass virun allem symbolesch

Déi responsabel Investissementspolitik vum FDC bleift weiderhin zum Groussdeel symbolesch. D’Ausschosslëscht vum FDC, déi 2011 no der Opdeckung vun déi Lénk agefouert ginn ass, zielt aktuell just 54 Entreprisen. Wann dës Societéiten et verdéngt hunn, ausgeschloss ze ginn, da fiert den FDC viru fir an zuelräich Entreprisen ze investéieren, déi d’Mënscherechter an international Konventioune verletzen.

Heibäi komme weider Inkohärenzen. Wärend d’Regierung sech géint GMO’e positionéiert, investéiert den FDC an Entreprise wéi Bayer/Monsanto oder Syngenta. Wärend d’Regierung fuerdert, datt Cattenom zougemaach gëtt, investéiert den FDC an EDF. Wärend d’Regierung sech fir den nationale Plang géint den Tubak-Konsum asetzt, besëtzt FDC Aktiva vu Philipp Morris oder British American Tobacco.

Eng kleng Reform 2017

D’Approche vun de responsabelen Investissementer, déi 2017 agefouert ginn ass a vum Minister Schneider als Communiqué erausgi gouf, ass immens onbefriddegend a problematesch. Virun allem zilt se net un, fir toxesch Investissementer vum FDC ze verréngeren, mee just fir responsabel Investissementer ze erhéijen. Dobäi kommen d’Zweiwel un der Demarche. A bal all Kompartiment, dat vum Minister de Label ESG (enivronmental and social governance) krut, fanne mir Investissementer an der Pëtrolsindustrie.

Duerch d’Revisioun vun der Investissementspolitik vum FDC am Joer 2017 hunn déi Lénk verschidden offiziell Demarchë beim Parlament gemaach, vir déi Deputéiert an d’Diskussiounen anzebannen. Trotz positiver Resonanz ënnert den Deputéierten, woubäi souguer eng Sëtzungsdebatt zeréckgehale gouf, bleiwen d’Demarchen aussiichtslos a goufen ouni Folge klasséiert. Et ass evident, datt d’Regierung keen ëffentlechen Debat zu dëser Fro wëll.

déi Lénk kämpfe virun géint irresponsabel Investissementer

Fir déi Lénk ass et kloer, dat d’Investissementspolitik vum FDC eng komplett Revisioun braucht. Aus dësem Grond ergëtt sech ee breeden ëffentlechen Debat , wéi mir eis Reserve vun der sozialer Sécherheet notzen oder erhale wëllen.

déi Lénk wëllen ee kompletten an direkten Desinvestissement vun allen toxeschen an zweiwelhaften Entreprisen. Donieft fuerdere mir, datt d’Reserven an d’Zukunft vum Land an der Groussregioun investéiert ginn, amplaz op de Finanzmaart ze spekuléieren, dat beispillsweis duerch d’Kreatioun vu Wunnraum oder Investissementer an der energetescher Transitioun.

Matgedeelt vun déi Lénk – iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics déi lénk, Erneierbar Energien, FDC, Fossil Energien, Investissement, Kompensatiounsfongen
Next post Previous post