Search

You may also like

Sozial Rentrée mam OGBL: Grad Elo!
Neiegkeeten

Sozial Rentrée mam OGBL: Grad Elo!

„Grad Elo ass et un der Zäit ze handelen“ –

Net nëmmen an der Belsch
Neiegkeeten

Net nëmmen an der Belsch

Ob dat bestoend, also gültegt Covid19-Gesetz op enger zolitter juristescher

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes
Neiegkeeten

natur&ëmwelt – Analys vum Koalitiounsofkommes

Déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng hunn den

Feier am Schraasseger Prisong

Feier am Schraasseger Prisong

Wéi d‘Prisongsverwaltung matgedeelt huet, ass et um fréie Freidegmuere géint 6 Auer am Prisong zu Schraasseg zu engem Brand komm. Säitens den Autoritéiten heescht et, datt ee Prisonéier seng Zell a Brand gestach hätt. Eng onglécklech Iddi, well hien huet sech dobäi schlëmm Verbrennungen zougezunn.

De Mann ass vum SAMU iwwerholl an an de Zenter fir grouss Verbrannter zu Metz iwwerstallt ginn. En zweeten Häftling, deen duerch den Damp vergëft gouf, ass an de Robert Schumann um Kierchbierg transferéiert ginn. En aneren Häftling den um Stack war, wéi och d‘Beamten, déi sech wärend dem Tëschefall op der Plaz opgehalen hunn, si medezinesch ënnersicht ginn.

Eng zéng Giischtercher sinn uschléissend zu enger méi geneeër Iwwerpréiwung an de CHEM geschéckt ginn. De CGDIS war mat gutt 50 Mannop der Plaz fir d‘Feier ze läschen an déi medezinnesch Operatiounen ze iwwerhuelen. Den techneschen Déngscht vun der Police Judiciaire ass mat der Enquête vum Virfall beoptraagt ginn. Den Ombudsmann gouf informéiert.

Illustratioun: © Nishaan Ahmed / unsplash

Related topics CGDIS, Feier, Giischtercher, Ombudsmann, Prisongsverwaltung, Schraasseg
Next post Previous post