Search

You may also like

Covid-19: E Véierel u positive Fäll sinn op d’Vakanz zeréckzeféieren
Neiegkeeten

Covid-19: E Véierel u positive Fäll sinn op d’Vakanz zeréckzeféieren

Bei senger Retrospektive vun der Woch vum 10. bis de

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire
Neiegkeeten

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter
Neiegkeeten

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

Honnerten europäesch Bierger déi a Groussbritannien liewen hunn um Mëttwoch

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier an der Industriezon Gadderscheier zu Suessem/Déifferdeng gemellt ginn. D’Unitéiten hunn op der Plaz misse feststellen, datt an engem Stock dobausse laminéiert Holzreschter a Palettë Feier gefaangen haten. Och elo sinn d’Pompjeeën nach mat dem Asaz am Gaang.

Am Laf vum gëschtregen Asaz waren iwwer 70 Pompjeeën op der Plaz, fir de Brand ënner Kontroll ze kréien. Weider Verstäerkung fir d’Relève, esou wéi fir d’Waasserversuergung hu vum Asazleeder missen ugefrot ginn.

Besonnesch betraff ass d’Societéit Kronospan. Doduerch, datt de Wand wärend de Läschaarbechte gedréit huet, konnt d’Feier sech schliisslech nach emol weider ausbreeden. Um 20:00 Auer huet de CGDIS dunn gemellt, datt een nach weider Moyenen huet missen ufroen, fir genuch Waasser um Site ze hunn.

Am Ganzen hunn herno 120 fräiwëlleg a professionell Pompjeeën aus de 4 Zonë vum Land gehollef, sou datt een d’Feier ënner Kontroll bréngen an eng weider Ausbreedung an der Industriezon verhënnere konnt. Donieft hunn d’Waasserverwaltung an de CGDIS missen zesumme schaffen, fir de Risiko vun enger eventueller Waasserverschmotzung ze vermeiden.

Schlussendlech huet ee sech dozou entscheet, massiv a koordinéiert mat Mousse ze schaffen. Déi ganz Nuecht duerch ware 60 Pompjeeën am Asaz fir de Brand um Site vu Kronospan zu Suessem ze bekämpfen. Eng weider Relève ass de Moien vum CGO (Centre de Gestion des Opérations) organiséiert ginn. 50 fräiwëlleg a professionell Pompjeeën hunn esou enk um Site zesumme geschafft.

No Aussoe vum CGDIS soll den Asaz nach Stonnen daueren. An engems wëll een der Bevëlkerung matdeelen, datt d’Waasserversuergung um Site weiderhin iwwer Pendelverkéiert assuréiert gëtt. Dofir soll een all Passagë fir d’Asazgefierer ronderëm d’Plaz vum Brand fräi loossen.

Related topics Brand, CGDIS, Feier, Gadderscheier, Industriezon, Kronospan, Pompjeeën
Next post Previous post