Search

You may also like

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

Um haitegen 18. Februar gëtt d’Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Nassau 35.

De „BIGS“ rebelléiert géint de Contournement vu Käerjeng
Neiegkeeten

De „BIGS“ rebelléiert géint de Contournement vu Käerjeng

Am Mäerz 2018 hat de Regierungsrot endlech den Tracé duerch

Police Lëtzebuerg: Nach ëmmer Verstéiss géint d’Droe vun der Schutzmask
Neiegkeeten

Police Lëtzebuerg: Nach ëmmer Verstéiss géint d’Droe vun der Schutzmask

D’Phas vum Deconfinement rullt, d’Lëtzebuerger Bierger kréie lues awer sécher

Feier op der Plëss: Ronn 50 Pompjeeën am Asaz

Gëschter Owend ëm 19 Auer goungen beim 112 direkt e puer Appellen eran, dass ee Gebai op der Place d’Armes brenne géif. Op der Plaz ukomm hunn d’Pompjeeën misse feststellen, dass den Daach vun engem 5-stäckege Gebai a Flame steet.

Bei de Läschaarbechte war et wichteg, dass d’Feier sech net och horizontal iwwert de Foyer ausbreet. Aus dësem Grond huet de Kommandant decidéiert d’Feier vun zwou Säiten ze bekämpfen. Eng Ekipp war op der Plëss aktiv, wärend déi aner Ekipp un Asazkräfte vun der Rue Louvigny aus de Brand attackéiert huet.

Equipéiert mat Otemschutzmasken hunn d’Pompjeeën sech uschléissend och a Binomer iwwert eng Lieder an d’Gebai beginn.

Gutt 50 Pompjeeën vum CIS Lëtzebuerg, CIS Hesper, CIS Mamer a CIS Diddeleng, sou wéi eng Ambulanz waren am Asaz. Weider Ënnerstëtzung krute si vun enger Dronen-Eenheet, wéi och vun engem Gesondheetsoffizéier, dee sech dobaussen ëm d’Pompjeeën gekëmmert huet.

Gutt 2,5 Stonnen huet et gedauert, bis dass d’Feier ënner Kontroll war. Zwou Persounen hu missen zur Kontroll an d’Spidol bruecht ginn, well si Damp ageotemt hunn.

Billergalerie: © CGDIS

Related topics Asazkräfte, Brand, CGDIS, Daachstull, Feier, Flamen, Place d'Armes, Plëss, Pompjeeën
Next post Previous post