Däitschland scheitert u sech selwer
Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng
déi Lénk veruerteelen d’Gewalt géint d’Flüchtlingen un der griichesch-tierkescher Grenz
De Bedreiwer vum gréisste Sozialnetzwierkreseau op der Welt, wëll virun
Um 17:08 Auer gëschter Owend huet den 112 d’Noriicht vun engem Feier an engem Wunngebai zu Iechternach kritt. An enger éischter Phas sinn dräi Läschgefierer an zwou Dréileederen op d’Plaz geschéckt ginn.
Beim Gebai ukomm war d’Feier schonn am gaangen op déi zwee Diecher vun den Haiser niewendrun iwwerzegräifen. D’Pompjeeën hu sech fir d’éischt drop konzentréiert, d’Flamen ënner Kontroll ze kréien an eng Ausbreedung no lénks a riets ze verhënneren.
Fir een erneit Ausbriechen vum Feier ze verhënneren huet den Dach missen opgemaach ginn, wat eng immens komplex Aarbecht duerstellt.. Equipéiert mat Otemschutzgeräter gouf dës Aarbecht schliisslech ausgefouert. Fir op der Plaz eng gutt Koordinatioun ze garantéieren an d’Operatioun am Secteur duerch ze féieren huet den CGO misse verstännegt ginn.
Géint 18:40 Auer ass d’Feier vum COS ënner Kontroll gewiescht. D’Läschaarbechten hunn allerdéngs nach weider Stonne gedauert. Gehollef hunn den CIS Iechternach, den CIS Konsdref, den CIS Uesweller, den CIS Jonglënster, den CIS Rouspert an den CIS Gréiwemaacher-Mäertert.