Search

You may also like

money
Esou bëlleg war de Pëtrol nach ni
International Neiegkeeten

Esou bëlleg war de Pëtrol nach ni

Pëtrol ass esou bëlleg wéi nach ni an déi eenzeg

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado
International Neiegkeeten

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado

Den Tornado deen de 9. August zu Péiteng a Käerjeng

Wa Riichter (be)urteelen
International Neiegkeeten

Wa Riichter (be)urteelen

Et ass esou seelen, datt et ganz interessant ass ze

Nom Feier zu Moria: wouhinner mat de Leit?

Dausende Flüchtlingen op Lesbos hu keen Daach méi iwwert dem Kapp a seriö Léisunge gëtt et keng…

Nom Feier zu Moria: wouhinner mat de Leit?

D‘Opfanglager zu Moria op der griichescher Insel Lesbos (Ägäis) war sengerzäit op 2.800/3.000 Leit ausgeriicht ginn. De leschten offiziellen Zuelen no sollen sech do eng 12.500 Mënschen ënner éischter desastréisen, fir net ze soe katastrophalen Zoustänn opgehalen. En Drëttel vum Lager wier vun de Flamen zerstéiert ginn, och d‘Zentrallager ass vum Feier dem Buedem gläich gemaach ginn.

E Bléck op d‘Loftbiller vum Lager léisst een d‘Ausmooss vum Schued nëmmen eranen. D‘Zelter sinn nëmmen nach Äschen, d‘Wunncontainer verkuelte Karkassen… vill vun de Flüchtlingen hate versicht iwwert d‘Nationalstrooss an d‘Stad Mytilini ze gelaangen, goufen awer vun der Police dru gehënnert. Si hunn d‘Nuecht an den ugrenzende Felder verbruecht a waarden of wat elo kënnt.

Moria

Endlech ee Chrëschtdemokrat dee mat vill Courage fir eng europäesch Léisung plädéiert…

Fir de Stratis Kytelis, Buergermeeschter vu Mytilini, ass dat Ganzt eng zimmlech onbequem an onerwënscht Situatioun. „Et ass eng Schwiereg Situatioun, well eng Rei vun de Leit déi sech elo dobaussen ophalen, sech mam Covid19 infizéiert hunn. Mir wëssen allerdéngs net wouhinner mat hinnen, dausende feelt en Daach iwwert dem Kapp, fir d‘Bierger eng onméiglech Belaaschtung“.

Hien huet a senger Verzweiwlung proposéiert – wa scho soss keen dës Leit ophuele wëll – si op Schëffer ënnerzebréngen, dat ënnert dem Virwand eng Verbreedung vum Coronavirus méiglechst auszeschléissen. Amnesty International fënnt esou eppes inakzeptabel a fuerdert vun der Regierung zu Athen, datt dës Mënschen op d‘Festland bruecht a bannent der EU musse verdeelt ginn.

Wéi et zum Feier komm ass

Caritas international huet 50.000 Euro Direkthëllef bereetgestallt a weist drop hin, datt et elo drëms geet séier materiell a psychologesch Hëllef ze leeschten. D‘UN-Flüchtlingswierk UNHCR huet elo matgedeelt, datt eng temporär Léisung zur Ënnerbréngung vun de Mënschen an Aarbecht ass a rifft d‘Awunner vu Moria op, op der Plaz ze bleiwen. Elo bréicht et séier pragmatesch Léisungen.

Gewosst ass, datt d‘Feier am Lager op verschidde Plaze gläichzäiteg ausgebrach ass, firwat een zu Athen iwwerzeegt ass, datt et sech muss Brandstëftung handelen. D‘Regierung huet dann och fir haut eng Krisesëtzung aberuff. Wa Brandstëftung eng valabel Pist ass, esou stellt sech elo d‘Fro no den Täter. D‘Leit aus dem Lager weisen op d‘Inselbewunner, an déi weisen op d‘Flüchtlingen.

Moria

…et dann allerdéngs net wierklech eescht menge kann, bezunn op säi Stëmmverhalen.

Well staarke Wand d‘Feier séier ausgewäit huet, hunn d‘Autoritéiten d‘Lager zügeg evakuéiert, wie konnt huet sech den ëmleienden Hiwwel a Sécherheet bruecht. Der Vollstännegkeet hallwer muss een drop hiweisen, datt et virum Groussbrand zu Moria Onroue ginn huet. Dat war dem Fait geschëlt, datt d‘Lager no engem éischte positive Covid19-Fall ganz ënner Quarantaine gesat gouf.

D‘ONG „Medico International“ erkläert: „Et kann ee Mënschen net Jorelaang am Dreck liewe loossen, hinne Rechter virenthalen, si dann ongeschützt enger Pandemie aussetzen an da ganz iwwerrascht sinn, dat si géint hir Liewenskonditiounen opbegieren“, esou d‘Ramona Lenz, déi d‘Evakuéierung vun den Insele fuerdert. Mee et wëll keen se, et wier onpopulär soen d‘Politiker.

mat indymedia/ath

Foto: © Stand by me Lesvos (Full Gallery on Facebook)

Related topics Agäis, EU-Asylpolitik, Flüchtlingen, Friemenhaass, Griicheland, Lesbos, Moria
Next post Previous post