Appartement a Brand: D’Feier zu Stroossen ass nees ugaangen

Gëschter am fréien Owend gouf de CGDIS op en Asaz an d’Areler Strooss geruff, wou den drëtte Stack vun engem Appartementshaus a Brand stoung. Dës Nuecht, kuerz viru 4 Auer hu sech d’Flamen nees ausgebreet.

Gutt 50 Pompjeeë waren am Asaz an hu versicht d’Feier vu baussen a bannen ze läschen. Dobäi hunn 2 Persoune missen an d’Spidol bruecht ginn. Ma, un dësem Beispill gesäit ee wéi wichteg et ass e Brand ënnert Kontroll ze bréngen an uschléissen d’Situatioun am A ze behalen. Schliisslech huet d’Feier puer Stonnen drop nees ugefaangen.

Feier zu Stroossen
© CGDIS

Op der Plaz waren de CIS Lëtzebuerg, CIS Bartreng-Stroossen a CIS Mamer, sou wéi eng Ambulanz vum CIS Jonglënster.

Dernières nouvelles