Search

You may also like

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!
Neiegkeeten

Groussen Jobday fir d’Cloche d’Or: 700 Plaze waren ze verginn!

Gëschter hu sech am Parc Hôtel Alvisse zuelräich Leit getommelt,

Friddlech Rebellioun géint d‘Ausstierwen
Neiegkeeten

Friddlech Rebellioun géint d‘Ausstierwen

An enger Rei Groussstied uechtert d‘Welt huet de Mouvement „Extinction

Feldhockey boomt!
Neiegkeeten

Feldhockey boomt!

Zënter 2015 huet Feldhockey en exzellente Ruff hei am Land

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen

Och gëschter huet den CGDIS nees zuelräich Bränn, verdeelt am ganze Grand-Duché, misse läschen. De Feierdäiwel war immens aktiv. Besonnesch staark sollt de Vegetatiouns- a Bëschbrand zu Hamm sinn.

Um 14:15 Auer ass dem 112 an der Rue de Hamm ee brennend Feld, op deem grad Persoune geschafft hunn, gemellt ginn. Direkt sinn 2 Läschgefierer op d’Plaz geschéckt ginn. Si hunn allerdéngs misse feststellen, datt sech d’Feier méi schnell ausgebreet huet, wéi geduecht.

Bei hirem Asaz ass ee vun de Pompjeesween vum Feier erfaasst ginn. D’Ekipp konnt sech nach a Sécherheet bréngen, een Totalverloscht vum Gefier war awer net méi ze verhënneren. Duerch déi schwéier Konditiounen huet ee schliisslech weider Pompjeeë bei de Virfall geruff.

Duerch d’Dréchent konnt een de rapide Brandverlaf net vermeiden an esou sinn d’Flamen extrem schnell och op den ugrenzende Bësch iwwergaangen. Fir ee besseren Iwwerbléck vun der Situatioun ze kréien een takteschen Asaz plangen ze kënnen, sinn de Policehelikopter an d’Dron vum CGDIS agesat ginn.

Opgrond vun den héijen Temperaturen ass d’Entscheedung gefall de „Soutien Sanitaire“, sou wéi de medezinneschen Direkter vum CGDIS op Hamm ze schécken, fir zesummen d’Sécherheet vun den Asazkräft ze garantéieren. Verschidde Pompjeeën hunn un Hëtzterschëpfung gelidden a missten nach op der Plaz betreit ginn. Glécklecherweis huet keng Persoun missen an d’Spidol bruecht ginn.

Ganz nom Plang sinn d’Aarbechten a Secteuren opgedeelt gi woubäi verschidden Eenheeten sech ëm d’Feld a Flame gekëmmert hunn, Anerer hu versicht de Bëschbrand vum Val de Hamm anzedämmen. Verschidde Stroossen si gespaart an Ëmleedungen ageriicht ginn. Donieft ass dunn och d’Tankstell op der Polfermillen evakuéiert an kuerzzäiteg zou gemaach ginn.

Fir genuch Waasserreserven op der Plaz ze hunn sinn zuelräich Wiesselluedergefierer mat Ofrollbehälter ugefuerdert ginn, sou wéi ee Fluchfeldläschgefier vum CIS Findel. Op dësem Wee wëll de CGDIS alle Landwirten Merci soen, déi op der Plaz gehollef an ënnert anerem de Buedem ëmgegruef a bewässert hunn.

Um 19:35 Auer konnt een d’Feier schliisslech ënner Kontroll kréien. Noläschaarbechten hunn allerdéngs nach e puer Stonnen ugedauert. D’Feier huet keng Blesséierter gefuerdert. Am Asaz ware ronn 60 Pompjeeën, weider 30 Persoune sinn als Ofléisung alarméiert ginn. D’Spezialeenheet an 20 Asazzentren waren op der Plaz.

Feierdäiwel

Hei d’Consignen vum CGDIS!

Domat net genuch

Nieft dem schwéiere Brand zu Hamm huet de CGDIS ass zu Féiz, an der rue de Brill, Mulch a Feier geroden. Den CIS Monnerech an d’Police si geruff ginn. Eng knapp Stonn méi spéit ass et weider gaange mat engem brennenden Trakter op der N33 a Richtung Rëmeleng. Den CIS Keel, CIS Esch-Uelzecht, den CPEL Genzebierg an d’Police hunn um Fall geschafft.

Um 15:10 Auer ass schliisslech den Appell eragaangen, datt zu Rëmeleng an der Rue d’Esch ee Bëschbrand festgestallt ginn ass. Am Asaz waren d’Escher Ambulanz, den CIS Rëmeleng, den CIS Esch-Uelzecht, den CIS Käerjeng, den CIS Monnerech, den CIS Schëffleng, den CIS Beetebuerg, de PC Esch-Uelzecht, den CPEL Genzebierg, den CCIE Süden an d’Police.

Um Owend ass op der RN 12 Eschduerf-Heischtergronn een Auto a Brand geroden. DEN CIS Aleboesch, d’Ettelbrécker Ambulanz an d’Police sinn geruff ginn. Mol keng véierel Stonn drop huet op der CR134 Beyeren-Gouschteng eng landwirtschaftlech Maschinn Feier gefaangen. Hei huet den CIS Kanech, CIS Fluessweller, CIS Mutfert, CIS Nidderaanwen, CIS Réimesch, d’Ambulanz vu Réimesch an d’Police alles ënner Kontroll bruecht.

Den CIS Lëtzebuerg an d’Police huet sech kuerz no 20:00 Auer ëm ee brennende Schaarschtech an der Stad këmmere missen. Owes um 23:07 ass den CIS Beetebuerg, den CIS Wickreng, d’Ambulanz vun Ëlwen, de SAMU an d’Police bei een Trakter a Flamen op der CR165 Keel-Näerzeng geruff ginn. Als lescht ass um 00:10 Auer ee brennend Feld zu Lenneng-Dräibuer gemellt ginn. Hei war den CIS Fluessweller, den CIS Wuermeldeng an d’Police am Asaz.

Related topics Bëschbrand, CGDIS, Feier, Feierdäiwel, Pompjee, Vegetatiounsbrand
Next post Previous post