Search

You may also like

money
Lëtzebuerger Automobilsecteur am siwenten Himmel
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Automobilsecteur am siwenten Himmel

Wann et richteg ass, datt den Autofestival fir déi meeschte

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?
Neiegkeeten

Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?

Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger
Neiegkeeten

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

Fir d‘Sozialiste war d‘Sessioun 2016/17 eng erdréiglech. Keng wier esou

De Premier an d‘Gesondheetsministesch op Visitte

D‘Feldlazarett dat beim CHL opgeriicht ginn ass, huet gëschter dem Xavier Bettel an dem Paulette Lenert seng Dieren opgemaach, mee allebéid hoffen et net mussen ze brauchen

De Premier an d‘Gesondheetsministesch op Visitte

Den Triage-Zenter vum CHL, dee neie Scanner fir d‘Covid19-Patienten, d‘Zelter an déi sanitär Anlage vum sougenannte Feldlazarett, dat alles ass dem Xavier Bettel a Begleedung vu, Paulette Lenert mediewierksam virgefouert ginn. Si sinn dann och net genéidegt ginn, sech dës Struktur unzekucken, esouvill Reklamm an eegener Saach konnten si sech einfach net entgoe loossen.

Elo ass jo gewosst, datt eis dëst Feldlazarett vun der NATO zur Verfügung gestallt ginn ass, an vun der Cargolux zu Bari ofgeholl gouf. Eng Woch huet de Montage vun dëser Struktur gedauert, seng Ausrëschtung mat allem wat gebraucht gëtt, huet eng weider Woch an Usproch geholl. Elo steet de Buttek a déi zwee géifen sech nawell freeën, wann een net op dëst Feldlazarett misst zréckgräifen.

De Generaldirekter vum CHL huet confirméiert datt alles operationell ass, an d‘Directrice vun de Soine bestätegt, datt hei alles wéi an engem richtege Spidol ageriicht ginn ass. Eng 50 Leit vum Fleegepersonal sinn dann och extra fir dësen ephemere Service ofgestallt. Gebraucht gëtt den Ament nëmmen den Triage-Zenter, wou de Leit Froe gestallt a d‘Temperatur gemooss gëtt.

En Diagnostik gëtt et hei also net, mee d‘Patiente géifen un déi zoustänneg Servicer iwwerwisen. Dat awer am CHL. Déi Better déi et hei gëtt, stellen eng Reserv duer, déi eréischt dann zum Asaz kënnt, wann den CHL „intra-muros“ iwwerlaascht ass. Dat ass den Ament net de Fall. Gëschter gouf et am CHL 39 Patiente mam Coronavirus, 10 dovunner sinn op der Intensivstatioun.

De Premierminister huet drop higewisen, datt d‘Feldlazarrett de beweis ass, datt D‘Regierung net nëmme „reagéiert“ mee „antizipéiert“. Dat gëtt esou och vun der Gesondheetsministesch bestätegt, déi nach emol erwäänt, datt d‘Zuelen zwar zefriddestellend sinn, mee d‘Gefor vun enger zweeter Well ganz reell ass. Nach ass dës sanitär Kris also net ausgestanen, dat wäert nach laang daueren.

Foto: © CHL

Related topics CHL, Coronavirus, Covid19, Paulette Lenert, Xavier Bettel
Next post Previous post