4 Froen un de Felix vun der Loftopklärungsmissioun Airborne

De Felix ass zanter 2017 bei Sea-Watch dobäi. Als Member vun der Airborne-Ekipp dréit hien dozou bäi, datt Mënscherechtsverletzungen am zentrale Mëttelmier net onentdeckt bleiwen.

Zanter wéini bass du bei Sea-Watch a wat ass deng Aufgab?

Ech sinn zanter 2017 bei Sea-Watch. Deemools hunn ech zu Malta ugefaangen, d‘Logistik fir eis Ekippen ze iwwerhuelen. Dat heescht, ech hunn Reese vun der Crew organiséiert, mech ëm d‘Crewhaus gekëmmert an d‘Liwwerunge fir d‘Schëff betreit. An do hunn ech d‘Airborne-Ekipp kennegeléiert, déi fir d‘Fligermissioune vu Sea-Watch zoustänneg ass. Ufank 2018 war ech dunn een Deel vum Team a säitdeem sinn ech fir d‘Medien- a Presseaarbecht vun eiser Loftopklärung zoustänneg. Sea-Watch beobachtet d‘Mëttelmier och vun uewen, dokumentéiert Mënscherechtsverletzungen an ënnerstëtzt d‘Schëffer reegelméisseg bei Rettungen.

Firwat bass du bei Sea-Watch komm?

Ech hu fréier ëmmer zu Sachse gewunnt a matkritt, wéi riets Tendenzen ëmmer méi iwwerhand geholl hunn. Dat war op Hochzäite vu Pegida. Do hunn ech mech dacks handlungsonfäeg gefillt. Déi lokal Aarbecht a Géigendemoe waren zwar wichteg, mee ech hat dacks d‘Gefill et géing net duergoen, fir wierklech eppes ze veränneren. Dat politescht Klima gouf schonn esou vergëft, datt et déi mënschenonwierdeg Politik eréischt méiglech an ëmmer méi legitiméiert huet. Zu Berlin hunn ech dunn an der Géigend vum Landesamt fir Gesondheet a Soziales (Lageso) gewunnt an direkt matkritt, wéi Mënschen vun der Politik am Stach gelooss ginn. Nëmmen zivilrechtlech Bündnisser hu gehollef, wa Mënsche wochelaang virun de Büroen an der Keelt, op een Rendezvous gewaart hunn. Do hunn ech déi éischte Kéier Leit vu Sea-Watch getraff. Eent huet zum anere gefouert.

Wat huet sech verännert, zanter datt s du bei Sea-Watch ugefaangen hues?

Bis 2018 sinn déi verschidde Séinoutrettungsorganisatioune vill Asätz gefuer. Heiansdo ware mir nëmme fir e puer Deeg am Hafen a sinn direkt op déi nächst Missioun gaangen. Dat huet sech geännert. D’Ufaart an een Hafe gouf ziville Schëffer ëmmer méi dacks ënnersot. Mënschen, déi Schutz gesicht hunn, hunn dacks misse wochelaang um Deck vun engem Schëff ofwaarden. An zanterdeem ginn eis Schëffer allkéiers mat absurde Begrënnunge vun den Autoritéite festgesat. Esou verbrauche mir onméiglech vill Energie dofir, eis Schëffer iwwerhaapt erëm fräi ze kréien. Dobäi geet et net nëmmen ëm eis Rettungsschëffer, och eis Opklärungsfligere ginn dacks um Fléie gehënnert. Déi Europäesch Unioun huet op ville Ebenen hir Ofschottungsstrategien op eng perfid Aart a Manéier professionaliséiert. Zum Beispill si bal keng europäesch Schëffer vun der europäescher Grenzschutzagentur Frontex am Mëttelmier ënnerwee. Dofir gouf d‘Loftopklärung massiv ausgebaut an d‘Aarbecht vun der sougenannter libyschen Küstewuecht eréischt erméiglecht. Mir gesinn ëmmer erëm, datt si de Mënschen hiert existenziellt Recht op Asyl ewechhuelen. Mir sinn dëst Joer iwwer 100 Asätz geflunn an et ass well kloer: 2021 si scho méi Mënschen am Mëttelmier gestuerwe wéi am leschte Joer. Déi vill Mënschen, déi a Libyen stierwen, ginn hei net dobäi gerechent.

Wat misst sech denger Meenung no änneren?

Déi Europäesch Unioun soll ophalen, all hier Ressourcen an d‘Ofschottung vun Europa ze stiechen. Zemools Kooperatioune mat der libyscher Küstewuecht bréngen nach méi Leed mat sech. Si wäerten d‘Mënschen net verhënneren aus geféierleche Verhältnisser ze flüchten. De Géigendeel ass de Fall. Si wäerten dës Mënschen dozou zwéngen, nach méi geféierlech Fluchtrouten ze notzen. Déi Europäesch Unioun muss hire mënscherechtleche Flichten nokommen an déi selwecht Ressourcen an d‘Schafung vu legale Fluchtweeër stiechen. Wann dat net passéiert, wäert d‘Mëttelmier eng vun de geféierlechste Fluchtweeër bleiwen. Well fir eis bleiwe Mënscherechter onverhandelbar.

*mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, vum Jessica Mersch iwwersat

Dernières nouvelles