Search

You may also like

Italienesch Regierung setzt Rentereform ëm a féiert Biergerakommes an
International Neiegkeeten

Italienesch Regierung setzt Rentereform ëm a féiert Biergerakommes an

Um spéiden Donneschdegowend war et beschloss: Milliounen Italiener solle vun

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen

Eis portugisesch Matbierger maachen haut insgesamt 16% vun eiser Populatioun

27 Krichsminister fir 1 Owesiessen
International Neiegkeeten

27 Krichsminister fir 1 Owesiessen

Am Kontext vun de villen informelle Sommeten, déi sech grad

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

Schwäizerinne protestéieren… fir gläiche Loun a géint sexuell Belästegung

Feminine Generalstreik bei den Eedgenossen

An der Schwäiz haten d‘Gewerkschaften d‘Fraen opgeruff um Punkt 15.24 Auer d‘Aarbecht néier ze leeën an esou en Zeechen ze setzen. Et geet ëm besser Paien, méi Gläichberechtegung an géint sexuell Belästegung. D‘Dammen hunn awer schonn am Mëtternuecht lassgeluecht…

D‘Auerzäit „15.24“ war net zoufälleg ausgesicht ginn. Ab dësem Ament schaffen d‘Fraen an der Schwäiz fir „lau“ an dat kann et net sinn. De Protest mat sengen Demonstratioune stoung ënnert dem Motto „Loun, Zäit, Respekt!“. Fakt ass, datt d‘Fraen an der Schwäiz bis 20% manner Loun kréie wéi d‘Männer. Dat wierkt sech op d‘Rent aus: 40% manner wéi Männer ass net gerecht!

Generalstreik

© Unia

Emanzipatioun ass eben och d‘Afuerdere vu senge Rechter, a laut den Organisateure waren si zu Dausenden dem Appell vun de Gewerkschaften nokomm. Et ass esouguer rieds dovunner, datt et sech hei ëm eng vun de gréisste politeschen Demonstratiounen an der Schwäiz kéint gehandelt hunn. Esou hunn an der Haaptstad Bern, scho viru Mëtteg iwwer 10.000 Frae protestéiert.

Net ze iwwersinn, net ze iwwerhéieren…

Dat mat der „Auerzäit“ hunn dann awer vill Dammen als „Richtlinn“ gesinn, an déi meeschten hunn och net den Nomëtteg ofgewaart, fir et den Häre vun der Schëpfung ze weisen. An esou ass et um Donneschdegowend eigentlech scho lass gaangen. Do gouf d‘Symbol vum „Streikdag“ op dat héchste Gebai (de Roche Tuerm zu Basel) „gebeamt“. An ab Mëtternuecht ass et da lassgaangen…

Gestart gouf de „feminine Generalstreik“ zu Lausanne, wou sech géint Mëtternuecht honnerten Damme bei der Kathedral zesummefonnt hunn a Richtung Stadzentrum marschéiert sinn. Si hu „Feier“ gemaach an dat si symbolesch Soutienen a Krawatte geworf hunn. Eng Rei couragéiert Fraen haten d‘Kathedral erklommen, vu wou aus si „d‘Stonn ausgeruff“ hunn.

Generalstreik

Zu Zürech ass zolidd Kaméidi geschloe ginn. Mat Panen a Kachdëppen, déi gehéierlech mat de Bräiläffel beaarbecht goufen, hu si op sech opmierksam gemaach. Ze iwwerhéiere waren si jiddefalls zu dësem Zäitpunkt net méi. A well „Méi“ meeschten net duer geet, gouf et nach e risegen Autocorso deen de Verkéier zum Stëllstand bruecht huet. An dat war souzesoe just d‘Virspill…

Fuerderungen déi sech net stelle missten

Géint Mëtteg ass zu Zürech ronderëm d‘Gar näischt méi gaangen. Zu Luzern, dem wirtschaftlechen a kulturellem Zentrum vun der Zentralschwäiz, hunn d‘Fraen e Sëtzstreik organiséiert an zu Bern hu si dem Parlament eng Petitioun mat 11.000 Ënnerschrëften iwwerreecht, an där gefuerdert gëtt, datt Fraen-Hygiènesartikel steierlech solle begënschtegt ginn.

Interessant, ëmmerhin si mir an der Schwäiz, ass de Fait, datt sech den Inneminister Alain Berset op d‘Säit vun de Frae gestallt huet. An hien huet dat scho ganz gutt hikritt. Esou huet hien op Twitter e Video „Ouni Wierder“ gepost, an deem hien déi aktuell Situatioun an d‘Ongerechtegkeete, déi Fraen ze erdroen hunn, kritiséiert huet a sech däitlech fir de Changement engagéiert.

Generalstreik

An nach e Mann wëll sech fir d‘Fraen asetzen: De Bëschof vu Lausanne, Genève a Freiburg, Charles Morerod. Woubäi dëse fir gläiche Loun a gläich Behandlung an der Zivilgesellschaft antrëtt. Datt „Dammen“ och innerhalb der kathoulescher Kierch solle „gläichgestallt“ ginn a firwat net „Paschtouesch“ kéinte ginn, esouwäit wëll de Kierchemann dann awer net goen.

Lëpsebekenntnisser ginn net méi duer

Am Kontext vum „Streik“ huet de Schwäizer Bundesrat sech zu de Fuerderunge geäussert. An engem Communiqué betount de Bundesrat, datt hien d‘Ëmsetzung vun der Gläichstellung wuel eng politesch Prioritéit ass, léisst awer net duerchblécke wéi ee gewëllt wier dat dann och ëmzesetzen. An dat wou zanter 1981 gesetzlech festgeluecht ass, datt Mann a Fra gläich behandelt musse ginn.

Déi grouss Demo vu gëschter ass dann och net den éischte Versuch vun de Fraen, zu hirem verbréifte Recht ze kommen. Schonn 1991 hat eng vergläichbar „Aktioun“ ginn, un där sech eng hallef Millioun Frae bedeelegt haten. Duerno gouf ënnert anerem e Gläichstellungsgesetz beschloss, de Mammecongé agefouert an d‘Zäit vun der Kannererzéiung bei der Rent ugerechent.

Generalstreik

Och zu Lëtzebuerg ass d‘Situatioun keng mat där ee sech bretze kann. 4 Plazen hannert der Schwäiz, an trotzdeem kaum Protest. Wier et net un der Zäit sech endlech ze wieren? Oder sinn d‘Dammen hei ma Land zefridde mat der „Gläichberechtegung“?

Mee 28 Joer méi spéit ass et nach ëmmer net besser ginn. Elo geet et duer an et sollt een d‘Muecht vun de Fraen net ënnerschätzen. Sécher, de Protest mat sengen Demonstratiounen a Kundgebunge war e friddlechen an et ass och net dovunner auszegoen, datt si hir Fuerderunge mat „Gewalt“ wäerten duerchsetzen. Allerdéngs hu si ganz aner a virun allem subtil Méiglechkeeten… gutt esou!

mat indymedia/zrh/bsl/brn

Foto: © Natascha Wey, Co-Presidentin SP Schwäiz (via Twitter)

Related topics Fraebeweegung, Fraen, Generalstreik, Gläichberechtegung, Schwäiz
Next post Previous post