Search

You may also like

Visitt bei B Medical Systems: Hei entstinn d’Killsystemer fir Impfstoffer
Fail Neiegkeeten

Visitt bei B Medical Systems: Hei entstinn d’Killsystemer fir Impfstoffer

S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume an de Wirtschaftsminister Franz Fayot hunn

De VC Belair iwwerrennt dem CHEV seng zweet Equipp
Fail Neiegkeeten

De VC Belair iwwerrennt dem CHEV seng zweet Equipp

Dat war fir d‘Männer vun Dikrech en „ustrengende“ Sonndeg. Déi

Appell zur Kandidatur: Pop-Up-Stores an der Rue Philippe II
Fail Neiegkeeten

Appell zur Kandidatur: Pop-Up-Stores an der Rue Philippe II

Op en neits ass d’Stad Lëtzebuerg op der Sich no

dislike

Fëmmen: Wat ännert sech den 1. August?

Och d'Vapen ass elo reglementéiert

Fëmmen: Wat ännert sech den 1. August?

All Joer stierwen zu Lëtzebuerg 1.000 Leit un de Folge vum Tubakskonsum. Dovunner stierwen der 80 un de Folge vum passive Fëmmen. Vue datt Jugendlecher a Kanner besonnesch dëse Geforen ausgesat sinn, schützt dat neit Gesetz, wat den 1. August a Kraft trëtt, virun allem si.

Wat ass nei a firwat?

  • Et gëtt verbueden, op de Spillplazen ze fëmmen.
  • Et ass verbueden, an engem Privatauto ze fëmmen, wann e Kand vu manner wéi zwielef Joer dra sëtzt.
  • Et ass verbueden op deen Plazen ze vapen wou et och verbueden ass ze fëmmen.
  • E Verkafsverbuet vun Tubak an E-Zigaretten fir Persounen ënner 18 Joer.

Als Begrënnung gëtt uginn, datt Erwuessener hirer Flicht missen nogoen Kanner a Jugendlecher ze schützen. Och sollt d‘Fëmmen manner attraktiv fir Jugendlecher gemaach ginn. Dat mécht nëmme Sënn: 70% vun de Fëmmerte fänken virum 18. Liewensjoer domat un. A mat 26% sinn d‘18-24 Järeg déi gréisste Grupp ënnert de Fëmmerten. Tëscht 2015 an 2016 gouf et laut TNS ILRES/Fondation Cancer eng Erhéijung vun 3%.

Wat d‘Vapen, also d‘Benotzen vun der E-Zigarette, ugeet, ass elo och fir Kloerheet gesuergt. Och d‘E-Liquiden setzen irritéierend a gëfteg Substanze fräi a si souwuel fir de Benotzer als och fir seng Ëmgéigend schiedlech. Dobäi soll och dofir gesuergt ginn, datt net d‘Bild entsteet, datt Vape méi akzeptabel wier wéi d‘Fëmmen.

Quell: Service Information Presse

Grafik-Quell: Service Information Presse

Related topics Fëmmen, Gesondheet, Lëtzebuerg, Vapen
Next post Previous post