Search

You may also like

Konfliktuell Weesekanner: …de Kamerun an d‘EU
Neiegkeeten

Konfliktuell Weesekanner: …de Kamerun an d‘EU

Separatisten a Regierungstruppe stinn sech an engem Konflikt géinteniwwer, dee

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer
Neiegkeeten

Den Heischter: e frëndleche Blonden aus dem Naturpark Öewersauer

Hannert der zweeter Dier vum Béier-Adventskalenner verstoppt sech haut den

Fligerofstuerz an Indonesien
Neiegkeeten

Fligerofstuerz an Indonesien

Laut den indoneseschen Autoritéiten, ass eng Maschinn vun der Fluchgesellschaft

Fëmmen op der Terrass? Den Debat bleift aktuell

Fëmmen op der Terrass? Den Debat bleift aktuell

Eng Petitioun vun Ufank des Joers hat tëscht de Fëmmerten an den Net-Fëmmerte wuertwiertlech fir „déck Loft“ gesuergt. Dës Petitioun huet dann och iwwert 4.600 Ënnerschrëfte kritt war awer Enn Januar vun den „Decideure“ zréckgewisen. D‘Regierung huet net wierklech gesinn, wat eng nei Legislatioun an dësem Kontext nach brénge sollt.

Fir d‘Petitionnairen allerdéngs, steet fest, datt d‘Regierung hei eng gutt Geleeënheet verpasst huet sech engem „Imperatif vun der ëffentlecher Gesondheet“ unzehuelen. Woubäi den Alain. Kieffer, Daniel Reding an Pascal Zeihen awer begréissen, datt de Sujet an der Gesellschaft Diskussiounen ausgeléist huet, an iwwert de „wéi mam Tubak op der Terrass ëmgoen“ nogeduecht gëtt.

An si hunn dobäi och d‘Ënnerstëtzung vum Verband HORESCA, deen am Summer mat enger Campagne d‘Clienten an d‘Gastronomen op de Sujet sensibiliséiert huet. Eng Aktioun déi och vum Tourismusminister ënnerstëtzt ginn ass. Elo wou de Summer „Geschicht“ ass, kann dann och de Bilan vun dëser Campagne gemaach ginn, an et geet gekuckt op de gewëschten Impakt erziilt gouf.

Bei dëser Campagne ass et jo an éischter Linn drëms gaangen de „Client“ drop hinzeweisen, datt et och eng Form vu Respekt ass, wann een seng Sucht net op enger Terrass mat aneren deelt. An engem Gespréich mat den diversen Acteure kann een zréckbehalen, datt d‘Campagne duerchaus positiv Äntwerte liwwert, an déi dann och sollt weidergefouert ginn.

Related topics Campagne, Fëmmen, HORESCA, Petitioun, Terrass
Next post Previous post