Search

You may also like

Eurostat: Industrieproduktioun am Euroraum ëm 1,6 % erofgaangen
International Neiegkeeten

Eurostat: Industrieproduktioun am Euroraum ëm 1,6 % erofgaangen

De Schätzungen no vun Eurostat, dem statisteschen Amt vun der

Opgepasst! Grousse Chantier um Echangeur Hamm
International Neiegkeeten

Opgepasst! Grousse Chantier um Echangeur Hamm

Vum 6. bis de 9. September gëtt kritt d‘Autobunnsoffaart N°7

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!
International Neiegkeeten

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!

Um kommende Samschdeg, den 8 Juni 2019 ass zu Esch

Feng Shui Politik am Räich vun der Mëtt

De stännegen Ausschuss vum Nationale Vollekskongress a China huet elo ee Gesetz zur Ofwier vu Sanktiounen ugeholl

Feng Shui Politik am Räich vun der Mëtt

No de sëllege Sanktiounen, déi säitens den USA an der EU géint de kommunistesche Regime zu Peking ergraff goufen, huet et elo säitens dem Nationale Vollekskongress eng Gesetzgebung zur Sanktiounsofwier. Sanktionéiert gouf China ënnert anerem wéinst der Ënnerdréckung vun den Uiguren an dem Néierschloe vum demokratesche Mouvement zu Hong Kong.

An elo gëtt et interessant. D‘Chinese wëssen, datt d‘Politiker kommen a ginn (bei hinnen net esou) an dem bleeche Westen nëmmen eppes wichteg ass: Geld. An esou huet sech de Vollekskongress mat de Sanktioune beschäftegt. No eppes Concertatioun, ass ee Gesetz entstanen dat et erméiglecht Persounen an Institutiounen, déi eppes mat de Sanktiounen ze dinn hunn, rechtlech ze verfollegen.

Wéi gewinnt, huet de Westen nees wéineg matkritt, firwat et hei nach eppes u Reaktioune feelt, woubäi den Timing zum Vott vun dësem Gesetz scho bewosst gewielt war. Gëschter ass de G7-Sommet zu Carbis Bay gestart, an dobäi ass et dem Joe Biden, fir deen et den éischte Sommet ass, drëms gaangen ze demonstréieren, datt d‘USA an d‘EU, géint China a Russland zesummestinn.

Zum Gesetz selwer ass ze soen, datt d‘Regierung fir hiert Gewiicht „maartwirtschaftlech“ an d‘Wo ze geheien, eigentlech net brauch. Hei geet et drëms eng rechtlech Grondlag ze schafen, mat deenen sech déi eege Mesure – gemengt si Géigesanktiounen – stëtze loossen. Zugläich weist een der Welt, datt een net gewëllt sech alles Gefalen ze loossen. Wichteg, bezunn op den Expansiounswëllen…

Einfach d‘Handelsbezéiungen ofbriechen?

Fir Entreprisen – déi sech generell bei Froen zu Mënscherechter a politeschen Ideologien éischter zeréckhalen – besteet déi gréisste Gefor doranner, datt et zu enger diplomatescher Eskalatioun vum Dissens kënnt, dat virzuchsweis mat den USA. An d‘Chinese wennen do eng vun den Amerikaner gären ugewannte Methoden un: d‘Entreprisen an de politesch Wiergegrëff huelen. Et léiert ee jo.

Wann sech also elo deemnächst „Entreprise“ de Sanktioune sollten uschléissen, kéint et der fatzeg an d‘Sabbel ginn. Gutt net am physesche sënn, mee juristesch. Zu Joresufank hat et an dësem Kontext schonn eng Rei Gesetzer a Bestëmmunge ginn, déi mat dësem lescht Beschloss ausgebaut a gefestegt goufen. Déi europäesch Handelskummer a China, hat sech dozou och scho geäussert.

Fir Lëtzebuerg, eent vun den EU-Länner datt eng aner Form vun der Zesummenaarbecht mat China (Beispill Huawei) envisagéiert, an eng traditionell gewuesse Frëndschaft ënnerhält a fleegt, dierften d‘Folge vun dësem Gesetz iwwersiichtlech bleiwen. Mee et ass virstellbar, datt eisen Ausseminister d‘Warnung, déi mat dësem Gesetz anhier geet, verstanen huet a sech op Ëmstellunge virbereet.

mat indymedia/tpe

Related topics China, EU, Feng Shui, Gesetz, Sanktiounen, USA, Vollekskongress, Wirtschaft
Next post Previous post