Search

You may also like

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!
Neiegkeeten

Virgin Money Unity Arena – Concerten mat bis zu 2.500 Fans!

D’Hygiènesmesuren a sanitär Reegelen si jo iergendwéi schonn zur Gewunnecht

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen
Neiegkeeten

LAR bréicht Finanzmëttel fir Formatiounen

Wann ee Biller vu Bëschbränn am Ausland gesäit, kënnt et

Den 28. Februar feiert d’Bea Beutelratte seng Premiere am Cube 521
Neiegkeeten

Den 28. Februar feiert d’Bea Beutelratte seng Premiere am Cube 521

Dëst Héierspill, wat den 28. Februar am Maarnecher Cube 521

Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn

Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn

Dëse 6. Oktober sinn déi fënnef Gewerkschaften a Beruffsverbänn, déi dat edukatiivt a sozio-psychologescht Personal an den diverse Beräicher vum Enseignement vertrieden, endlech zur Entrevue mam Educatiounsminister Claude Meisch (DP) zougelooss ginn.

Et dierf een hei vun enger Première schwätzen, bezunn op de Fait, datt sech déi ënnerschiddlech Partner zesummegedoen hunn, fir gemeinsam hiert Recht op eng Qualitéitsaarbecht fir d‘Schüler, déi si am Alldag begleeden, ze verdeedegen. Den Dissens tëscht dem betraffene Personal an dem Educatiounsministère war vun enger Rei ministeriellen Notten aus dem Juli 2020 geschafe ginn.

An dësen ass et ëm d‘Tâche vum edukativen a sozio-psychologesche Personal am Fondamental, dem Secondaire wéi och de sougenannte Kompetenzzentre gaangen. Wärend der Entrevue huet de Claude Meisch seng Siicht op d‘Sträitpunkten duergestallt an huet Notiz vun den him virgeluechten Doleance geholl, déi gemeinsam vun: ALEE, APCCA, APPSAS, SLEG a SPEBS verfaasst goufen.

Si hunn dem Minister ze verstoe ginn, datt si keng gewerkschaftlech Ambitiounen hunn, d‘Qualitéit vun hirer Aarbecht an/oder d‘Disponibilitéit fir d‘Schüler mat engem edukativen, sozialen oder psychologesche Besoin ze reduzéieren.

Déi de 5 Verbänn gemeng Suerg ass et, de Beschäftegten déi si Vertrieden eng Definitioun vun hirer Tâche, entspriechend dem Ëmfeld an de Schoulrhythmus ze fannen, déi et hinnen erlaabt hire Missiounen (Enseignement, Ënnerstëtzung, Prise en Charge a Begleedung) an engem berouegten Aarbechtsëmfeld ze erfëllen, an esou de Schüler eng gutt Qualitéitsaarbecht ze bidden.

Elo huet de Minister net der Demande vun de genannte Beruffsverbänn entsprach a wéi gefuerdert déi ominéis Notten – déi jo awer den Ausléiser vum Dissens waren – zeréckzezéien. Hie soll awer d‘Problemer gehéiert hunn, déi dës Notte provozéiert hunn. Et war dann och net de leschte Besuch beim Minister: déi nächst Entrevue am Educatiounsministère ass fir den November geplangt.

Hei soll dann iwwert déi legal Aspekter, betreffend d‘Tâche vum psycho-sozio-edukative Personal beschwat ginn. Déi fënnef Beruffsverbänn hoffen, datt de Minister Versteesdemech fir de Besoin huet, am Kontext vun den Tâche vum genannte Personal am Enseignement ze legiferéieren.

Bis dat alles an der Concertatioun am géigesäitege Respekt gekläert ass, hunn d‘Beruffsverbänn sech drop verstännegt d‘Zesummenaarbecht bäizebehalen an sech weiderhin zesummen, fir d‘Valorisatioun vun der Aarbecht vum psycho-sozio-edukative Personal, besonnesch mat Hibléck op d‘Qualitéitsaarbecht zugonschte vun hire Schüler, ze kämpfen.

Bei dëse Beruffsverbänn handelt et sech ëm:

Association Luxembourgeoise des Éducateurs et Éducatrices, ALEE/CGFP – Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence, APCCA/SEW/OGBL – Association du Personnel du Centre et des Services psycho-sociaux et d’accompagnement scolaires, APPSAS – Syndicat Luxembourgeois des Éducateurs Gradués, SLEG/CGFP – Syndicat du personnel de l’Éducation nationale œuvrant spécifiquement dans l’intérêt des élèves à besoins éducatifs spécifiques, SPEBS/CGFP.

Illustratioun: © Kyle Smith / unsplash

Related topics ALEE, apcca, APPSAS, Claude Meisch, Educatiounsminister, SLEG, SPEBS
Next post Previous post