Fënnef Klimaminister fir eng nuklearfräi EU Taxonomie

Am Kontext vun der Weltklimakonferenz zu Glasgow (COP26) huet déi Lëtzebuerger Minsistesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, zesumme mat hiren Homologen aus Däitschland, Dänemark, Éisträich a Portugal, eng Erklärung zur nuklearfräier EU Taxonomie virgeluecht.

Erfreelech hei de Constat, datt d‘Ëmweltministesch kloergestallt huet, datt Atomkraaft fir eis Land net kann als nohalteg Technologie presentéiert ginn. Atomenergie an déi europäesch nohalteg Finanz-Taxonomie anzebannen, kéint en Doute op d‘Kredibilitéit an den Notze vun den ugestrieften Ziler falen. Atomkraaft ass en Héichrisikosecteur an erwisenermoosse keng nohalteg Energiequell.

Interessant dann awer, datt d‘Carole Dieschbourg nach ëmmer vun enger méiglecher Begrenzung vun der Äerderwiermung op +1,5°C ausgeet. Dat gesot huet d‘Ministesch allerdéngs Recht, datt ee mat Atomkraaft net zu enger kuerzfristeger an nohalteger Transitioun kënnt. Et sinn déi erneierbar Energien, déi eng nohalteg a sécher Zukunft erméigleche wäerten. Atomkraaft dogéint ass déidlech.

Illustratioun: WolfBlur / Pixabay

Dernières nouvelles