Search

You may also like

Sydney ass nees am Confinement
International Neiegkeeten

Sydney ass nees am Confinement

Ob et saisonal bedéngt ass – an Australien ass jo

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen
International Neiegkeeten

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen

Bei engem Äerdbiewen un der iranesch-tierkescher grenz sinn op mannst

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft
International Neiegkeeten

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft

Am leschte Joerhonnert (1950) hunn People of Color net dierfen aus

Fënnef Parteie fir de Super Mario

Léisst sech de Mario Draghi mat Populisten a Faschisten an fir eng Regierung ze bilden?

Fënnef Parteie fir de Super Mario

An Italien kommen se gutt virun. Wuel ass d‘Regierungskris nach net bewältegt, mee et deet sech schonn eppes. Fënnef Parteie wëllen dee mat der Regierungsbildung beoptraagte Mario Draghi bei sengem Projet ënnerstëtzen. Dozou gehéieren de Movimento 5 Stelle (M5S) an d‘Lega Nord.

Béid Parteien, déi vum Vitro Crimi (M5S) an déi vum Matteo Salvini (Lega Nord) hunn an der tëscht Regierungserfarung an ee berechtegt Interessi mat an der Regierung ze sëtzen. Béid Politiker hunn erkläert bereet ze sinn, zum Wuel vum Land all Hürden ze iwwerwannen. Béid Parteien hate bis zum Schluss d‘Mandat vum ausgescheete Giuseppe Conte (Parteilos) ënnerstëtzt.

De Movimento hat vu vireran erkläert eng „technesch“ Regierung net ze ënnerstëtzen. Mat ronn engem Drëttel vun de Mandater am Parlament an am Senat, ass et besser mat, wéi géint den M5S ze regéieren. Och de Matteo Salvini sëtzt léiwer mat am Boot, vu wou aus et méi einfach ass säin Afloss geltend ze maachen. Bei 200 Milliarden Euro Covid19-Finanzhëllef, wuel verständlech.

Allerdéngs schéngt dem Matteo Salvini seng Decisioun nach „Bedenkzäit“ ze brauchen. Hien huet jiddefalls däitlech gemaach, datt d‘Lega Nord net vun hire Positioune weeche wäert. Dat betrëfft am speziellen den Ëmgang mat der Migratioun, wou de Lega-Chef jo eng ganz eege Virstellung huet. Als Premierminister huet hie sech als Galliounsfigur vun den Hardliner jo eng Renommée gemaach.

Hie wäert seng Entscheedung – op en de Mario Draghi ënnerstëtzt oder net – eréischt no senger zweeter Entrevue mam Bänker offizialiséieren. De Mario Draghi selwer wollt no de Gespréicher mat de Parteie keng Erklärung ofginn, a wëll sengersäits och déi zweet Gespréichsronn vun der nächster Woch ofwaarden. De fréiere GoldmanSachs-Mataarbechter ass an dësem Spill geüübt.

Wie soss nach matmaache wëll

Lancéiert hat de Mario Draghi seng Sondéierungsgespréicher de leschten Donneschdeg. D‘Mëtt-Lénks Partei „Partido Democratico“ (DP), wéi och dem fréiere Ministerpresident Matteo Renzi seng „Italia Viva“ wëllen derbäi sinn. Esou och „Forza Italia“ vum Silvio Berlusconi. Et dierf drun erënnert ginn, datt dem Giuseppe Conte seng Regierung vun der „Italia Viva“ zu Fall bruecht gouf.

Datt de Matteo Salvini sech och eng Plaz an der méiglecher Draghi-Regierung séchere kéint, dierft bannent dem Partido Democratico fir Onmutt suergen. Parteiintern gëllt de Motto: „Keng Regierungsbedeelegung mat der faschistescher Lega Nord“. Besonnesch wann ze erwaarden ass, datt d‘Lega Schlësselposte kéint zougeschanzt kréien. Dat féiert zu Spannunge bannent der DP.

Mee nach muss sech net endgülteg entscheet ginn. E Méindeg sinn emol Gespréichsronne mat de Vertrieder vun der Zivilgesellschaft an de Gewerkschaften ugesot. Eréischt Enn der Woch, treffen sech d‘Parteien nach emol mam Bänker. De Staatspresident Sergio Mattarella wëll Neiwalen och weiderhin evitéieren. Kéim et dozou, wier de leschte Sondagen no, d‘Lega den absolutte Favorit.

mat indymedia/rom

Illustratioun: Hebi B / pixabay

Related topics Italien, Lega Nord, Mario Draghi, Regierungsbildung, Regierungskris, Sergio Mattarella
Next post Previous post