Search

You may also like

25 Indicateure fir de Klimawandel zu Lëtzebuerg ze verfollegen
Kultur Neiegkeeten

25 Indicateure fir de Klimawandel zu Lëtzebuerg ze verfollegen

An de 5 leschte Joren ass déi duerchschnëttlech Jorestemperatur ëm

Florida ass elo am A vum Zyklon
Kultur Neiegkeeten

Florida ass elo am A vum Zyklon

Begleet vun zolitte Wandstéiss, heftege Nidderschléi an geféierlechen Iwwerschwemmungen, hat

De „Phantom“ Stau
Kultur Neiegkeeten

De „Phantom“ Stau

FËNSTERDALL vum Pol Greisch: De 16. Oktober am Trifolion

FËNSTERDALL vum Pol Greisch: De 16. Oktober am Trifolion

Am Kader vun der Retrospektiv-Ausstellung „Thierry!“ vun 2018 am CNA zu Diddeleng iwwer den Thierry van Werveke, huet den TNL dem Pol Greisch säi „Fënsterdall“ nach eng Kéier opgeholl. Dëst Wierk gëtt um 16. Oktober 2020 eng éischte Kéier zu Iechternach am TRIFOLION als gespillte Liesung virgedroen.

Et reent wéi aus Eemeren. D’Janine an de Jean, allebéid um Mountain-Bike, mussen sech matzen am Bësch ënnerdaach stellen, soss versuppe siam Bulli. Gottseidank geroden se bei eng Häip: Et ass net gespaart, si ginn eran. Eng feierlech Musek kënnt hinnen entgéint. Drënner eng rau Stëmm: „Wou waars de sou laang?“

Mir sinn am Fënsterdall, kéinten awer grad esou gutt am Direndall sinn, oder soss éirewou op der Welt ënner Mënschen, déi no Léift verlaangeren, no Versteesdemech – wat dacks schwéier z’erreechen ass, well mer ze rabiat sinn, ze feig, ze egoistesch.

De Pol Greisch bleift sech an dësem Stéck trei. Awer nëmmen op den éischte Bléck. Op den zweete geet hie ganz nei Weeër. Seng Figuren si méi verstréckt, aneneen, mateneen. Souguer d’Natur huet sech géint si verbonnen an deckt dat op, wat si verstoppe wëllen. Awer och am trageschste Moment blëtzt dem Pol Greisch seng Komik op.

  • Mise en espace: Andreas Wagner, Frank Hoffmann
  • Bühn a Kostümer: Dagmar Weitze
  • Musek: Cary Greisch
  • Luut: Zeljko Sestak
  • Garderob: Madelina Eischen
  • Mam: Frank Hoffmann, Christiane Rausch, Nicole Max, Serge Tonon

Dat däerft Dir Iech net entgoe loossen!

Weider Informatioune fannt Dir beim Trifolion.

Opmaacherbild: © Boshua

Related topics Fënsterdall, Pol Greisch, Spektakel, Thierry Van, Ticketen, Trifolion Iechternach
Next post Previous post