Search

You may also like

What the Fakt – déi éischt Webcam geet a Betrib a filmt…Kaffi?
Neiegkeeten

What the Fakt – déi éischt Webcam geet a Betrib a filmt…Kaffi?

Et huet just een Nomëtteg gedauert fir se ze entwéckelen.

Baaschtnech dekoréiert sech mat groussen a klenge K-Dolls
Neiegkeeten

Baaschtnech dekoréiert sech mat groussen a klenge K-Dolls

Vum 1. Abrëll bis den 28. Mee 2021 wäerten am

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten
Neiegkeeten

D’Luxembourg Air Rescue mat gudden Noriichten

Op Demande vun de franséischen Autoritéiten setzt sech d’Flotte vun

Fermeture vum C&A: Wat ass mat de Mataarbechter?

Fermeture vum C&A: Wat ass mat de Mataarbechter?

Ab dem 3. Mäerz 2020 wäerten d’Diere vum Kleedergeschäft C&A um Knuedler zou sinn. Och an Däitschland mussen 13 Butteker, a Frankräich souguer 30 Geschäfter de Betrib astellen. Mee wat geschitt zu Lëtzebuerg mat de Mataarbechter?

Wéi de Serge Wilmes, éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg matgedeelt huet, wieren d’Responsabel vun der Gemeng net iwwert d’Fermeture vum C&A informéiert ginn. Et géif keng Obligatioun bestoen sech der Gemeng matzedeelen. D’Bekleedungsfirma selwer, déi hiren Numm duerch d’Grënner Clemens an August kritt huet, wëll heizou kee Statement ofginn.

Den OGBL deelt heizou mat, datt si mat groussem Bedaueren der Fermeture vun dem historesche Geschäft, dat 1982 als Éischt vu senger Grupp zu Lëtzebuerg opgaangen ass, entgéint kuckt. Et wier een allerdéngs frou, datt eng Léisung zu den Aarbechtsplaze fonnt ginn ass.

Souwuel d’Gewerkschaft, wéi och d’Personaldelegatioun si fréi genuch zur Fermeture informéiert ginn a konnten esou d’Salariéë begleeden. D’Mataarbechter wäerten op aner Geschäfter vum Grupp C&A verdeelt ginn. Den OGBL wäert och an Zukunft een Aen drop behalen, datt d’Rechter an Interessie vun allen Mataarbechter vum C&A respektéiert ginn.

© Google Street View

Related topics C an A, C&A, Knuedler, Mataarbechter, OGBL, Place Guillaume II, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post