Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…

Beim Kaffi mam Stater Schäfferot, si vill Aktualitéitssujeten ugeschwat ginn.

Schouldoheem on air!
Neiegkeeten

Schouldoheem on air!

Am Kader vun der Woch, wou d’Educatioun nees op Distanz

surprise
Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung
Neiegkeeten

Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung

Um Neijoerschpatt vun der chrëschtlecher Gewerkschaft zu Schëffleng, huet den

Fest vun der Natur op der Kockelscheier

Zwee Deeg laang stoungen d‘Natur an d‘Ëmwelt am Mëttelpunkt, zur Freed vu Grouss a Kleng

E Samschdeg an e Sonndeg war op der Kockelscheier beim Haus vun der Natur nees eppes weider lass. Am Kader vum „Fest vun der Natur“ waren nees vill Aktivitéite fir Jonk an Al ugebuede ginn, vill Stänn huet et och ginn, op deenen ee sech Informéiere konnt an déi eng oder aner kulinaresch Erfarung gläich matgeholl huet.

Organiséiert vun der Natur & Ëmwelt Asbl, ass d‘Fest un der Natur nieft senger Vocatioun e flott Familljefest ze sinn, och eng gutt Geleeënheet fir de Public ze sensibiliséieren. Datt et der Natur net esou gutt geet, dat misst an der tëscht an de Käpp ukomm sinn. D‘Aartestierwen – grad bei eis – ass eng Gefor an mir mussen alleguerte matschaffen, wann eis d‘Zukunft vun de Kanner wichteg ass.

Kockelscheier

© Natur & Ëmwelt Asbl

An déi sinn iwwert de Weekend gutt op hir Käschte komm. Spilleresch sinn d‘Krapperten op déi grouss Erausfuerderungen higewise ginn, deene mir eis alleguerten zesumme stelle mussen. Esou kruten si gewise wat et mam Hunneg op sech huet, firwat Recycling Sënn mécht a villes méi. Et war natierlech och nees méiglech ee méi en déiwen Abléck an d‘Aarbecht vun der Asbl ze kréien.

Fir déi „Grouss“ gouf et nieft den traditionelle gastronomeschen Héichpunkten och nees villes ze entdecken. Esou d‘Schmëtt wou d‘Eise geschloe gouf esou laang et waarm war, oder d‘Männer déi net op d‘Schof gekuckt, mee dës geschuer hunn. All Altersklasse gläichermoossen erfreet huet de Besuch vum Bauerenhaff. Ënner Opsiicht konnt een d‘Déier fidderen, an hei war och „Äktschen“.

Kockelscheier

© Shari Pleimelding/moien.lu

Elo hätt ee sech bestëmmt iwwert eng besser Meteo gefreet, mee bekanntlech gëtt et kee schlecht wieder, nëmmen déi falsch Kleedung. A Mat ëm déi 4.000 Gäscht war d‘Fest vun der Natur op en neits ee vun den Héichpunkten um Weekend. Et ass ëmmer nees den Deplacement wäert, och wann ee keng Kanner huet. Hei ass gutt Laun Tromp an Wëssenswäertes war am Präis mat dran…

Foto: © Natur & Ëmwelt Asbl

Related topics Fest vun der Natur, Kockelscheier, Natur an Ëmwelt
Next post Previous post