ASTI fuerdert däitlech Mesure fir d‘Integratioun
An engem oppene Bréif huet sech d‘ASTI (Vereenegung zur Ënnerstëtzung
An engem oppene Bréif huet sech d‘ASTI (Vereenegung zur Ënnerstëtzung
Am Joer 2019 huet de Groussherzogtum pro Awunner 448 Euro
Um 6. November huet de SERVIOR „Am Park“ zu Boufer
Zënter 2008 gëtt de Festival CinEast all Joer am Oktober organiséiert. Um Programm vun dësem Joer steet natierlech de Film am Virdergrond, woubäi een 65 Spill- a 50 Kuerzfilmer ausgewielt huet, fir dem Spectateur an engem vun den zuelräiche Kinoen ze presentéieren. Mat Wierker, wéi „Honeyland“ vum Ljubomir Stefanov an Tamara Kotevska oder „God Exists, Her Name is Petrunya“ vum Teona Strugar Mitevska gëtt d’Diversitéit vun den orientaleschen an zentral-europäesche Produktiounen op een neien Niveau erhuewen.
Den erfollegräiche Filmfestival bezitt sech awer net nëmmen op dësen eenzege Beräich, mee op ee grousst Gesamtbild, bestoend aus Echangen, gastronomeschen a musikaleschen Evenementer, esou wéi Ausstellungen.
A wat wier esou ee grousst kulturellt Erliefnis ouni ee Concours an d’Éierung vun de beschte Wierker? Aus dësem Grond stinn 7 verschidde Filmer an der Competitioun a gi souwuel vun enger internationaler Jury, wéi och vun enger Presse Jury bewäert. D’Präisiwwerreechung fënnt Samschdes, den 19. Oktober um 20:00 Auer an der Cinémathéik statt.
Tickete fir de CinEast kritt een als Festival Pass fir 25 €. Dëse Billjee bezitt sech eleng op d’Filmer, sinn Nominativ a garantéiere keng Sëtzplaz. Et gëllt also fréi un ze sinn. Wëll ee just een eenzege Film kucken, sou kascht dat 6 € fir Erwuessener, 5 € fir Persounen ënner 25 Joer. Fir all aner Eventer (Balkan Party, Ciné-Concert by Pasimito, Baltic Party,…) gëllt een eegenen Entréespräis.
De ganze Programm, wéini wéi een Evenement wou stattfënnt, fannt Dir op www.cineast.lu oder Dir lued Iech e ganz bequem HEI erof.