Search

You may also like

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 9. August bis de 15. August 2021
Kultur Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 9. August bis de 15. August 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech

Drësseg virtuell Stänn
Kultur Neiegkeeten

Drësseg virtuell Stänn

Et wier déi grouss Erausfuerderung vun eiser Gesellschaft, eng nohalteg

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder
Kultur Neiegkeeten

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden.

Wat Gecken: Zu Esch sinn d’Clowne lass!

Wat Gecken: Zu Esch sinn d’Clowne lass!

Et ass net nëmmen ee Festival, mee e Jubiläum. De Festival Clowns in Progress feiert säin 10. Gebuertsdag. D’Zil vun dësem lëschtege Festival ass et, eng aussergewéinlech Konscht ze ënnerstëtzen, sou wéi se ze fërderen. Clownen dinn eis net nëmme laachen, si sinn net nëmme witzeg oder falen iwwert hir Féiss – nee, Clowne sinn och gutt fir eis Séil (wann een se net grad fäert).

Si trieden op de Stroossen, an de Klinicken an op Gebuertsdeeg op. Eigentlech iwwerall, wou een se erwaart. An och net. Clowne sinn eenzegaarteg. Dëse besonnesche Festival bitt de Spectateuren d’Méiglechkeet nach aner ënnerschiddlech Konschtformen ze entdecken sou wéi aner, onbekannte Facette kennenzeléieren.

Festival Clowns in Progress

De Programm

The Rocky Horror Bistrot Show
Mëttwochs, de 6. Oktober 2021 am Kinosch (Kulturfabrik)

Masterclass
Vum 11. bis de 16. Oktober 2021 an der Kulturfabrik
Mam Hervé Langlois

L‘Innocence de l‘Humour
Mëttwochs, den 13. Oktober 2021 an der Kulturfabrik
Konferenz mam Joanna Bassi

Les Rois Vagabonds
Donneschdes, de 14. Oktober 2021 am Escher Theater

Sortie aus der kollektiver Residenz Xanadou
Freides, de 15. Oktober 2021 an der Kulturfabrik

Typhus Bronx
Freides, de 15. Oktober 2021 an der Kulturfabrik

Didier Super a Concert vun The Rocky Horror Bistrot Show
Samschdes, de 16. Oktober 2021 an der Kulturfabrik

Festival Clowns in Progress
Typhus Bronx © Fabien Debrabandere

Wéi Dir gesitt huet d’Kulturfabrik fir eng gelongen Auswiel gesuergt. Et ginn Ausstellungen, Filmer a ganz Spektakel ugebueden. Wien also virwëtzeg ass a sech vu Clownen net ofschrecke léisst, sollt sech séier bäimaachen – de Virverkaf ass op. Well d’Veranstaltungen ënnert dem sougenannte CovidCheck stattfannen, sinn d’Plaze just begrenzt.

Weider Informatiounen zum Programm sou wéi zu den Ticketen oder der Kulturfabrik selwer fannt Dir hei op www.kulturfabrik.lu.

Opmaacherbild: Les Rois Vagabonds © P. Rappeneau

Related topics Festival Clowns in Progress, Kulturfabrik, Laachen, Les Rois Vagabonds, The Rocky Horror Bistrot Show, Typhus Bronx
Next post Previous post