Search

You may also like

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass
International Kultur Neiegkeeten

Coque: E Parking deen de Clienten a Sportler virbehalen ass

De Misär eng Parkplaz ze fannen, déi méiglechst och ze

Et geet dem Felix Braz besser
International Kultur Neiegkeeten

Et geet dem Felix Braz besser

An engem Interview mam Staatssender (RTL/Bertelsmann) huet de Minister François

money
Däitsch-amerikaneschen Accord fir NordStream2
International Kultur Neiegkeeten

Däitsch-amerikaneschen Accord fir NordStream2

Wien als Europäer mat wiem Geschäfter bedreift, dat entscheeden och

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech direkt mat dräi Filmer jeeweils beim renomméierte Festival vu Cannes a vun Annecy mat present.

Déi international Filmfestspiller vu Cannes, déi dëst Joer vum 14. bis de 25. Mee organiséiert ginn, zielen zu de weltwäit bedeitendste Filmfestivallen a gi säit 1946 all Joer am Mee organiséiert. Lëtzebuerg steet mat folgende Filmer op der Lëscht vun den Nominéierten:

  • Chambre 212 – ee Spillfilm vum Christophe Honoré, eng Koproduktioun mat Bidibul Productions mat Frankräich an der Belsch
Festival Cannes

Chambre 212 © Les Films Pélléas – Bidibul Productions – Scope Pictures

  • Les Hirondelles de Kaboul – een Animatiounsfilm vum Zabou Breitmann an Eléa Gobbé-Mévellec, eng Koproduktioun mat Melusine Productions mat Frankräich an der Schwäiz
Festival Cannes

Les hirondelles de Kaboul © Melusine Productions

  • Viendra le feu – ee Spillfilm vum Olivier Laxe, eng Koproduktioun vun Tarantula Luxembourg mat Spuenien a Frankräich. Dëse Film gëtt ënnerstëtzt vum Film Fund am Kader vun der Hëllef Cineworld
Festival Cannes

Viendra le feu © Tarantula Luxembourg

Och beim internationale Festival zu Annecy, deen dëst Joer vum 10. bis de 15 Juni organiséiert gëtt, sinn 3 lëtzebuergesch Filmer an der Auswiel:

  • Zero Impunity (Kategorie „Contrechamp“) – een Documentaire vum Nicolas Blies, Stéphane Huber-Blies an Denis Lambert, eng Produktioun vun a_Bahn a Melusine Productions mat Frankräich
Festival Cannes

Zero Impunity © a_Bahn – Melusine Productions

  • Fox & Hare (Kategorie „Fernsehfilmer“) – eng Serie vum Mascha Halberstad an Tom van Gestel, eng Koproduktioun vun Doghouse Films mat der Belsch an Holland
Festival Cannes

Fox & Hare © Doghouse Films

  • The Prince’s Voyage (Kategorie „Seance Evenement“) – ee Spillfilm vum Jean-François Laguionie a Xavier Picard, eng Koproduktioun vu Melusine Productions mat Frankräich
Festival Cannes

The Prince’s Voyage © Melusine Productions

Related topics a_Bahn, Doghouse Films, Festival vun Annecy, International Filmfestspiller vu Cannes, Melusine Productions, Tarantula
Next post Previous post