Search

You may also like

surprise
Festlech bis libertär… wéi d‘Belsch de Confinement gesinn
Kultur Neiegkeeten

Festlech bis libertär… wéi d‘Belsch de Confinement gesinn

Et herrscht Covid19-Pandemie, an esou zimmlech all Land huet sech

Sozialplang fir ronn 10% vun de Beschäftegte bei „Champ Cargosystems“
Kultur Neiegkeeten

Sozialplang fir ronn 10% vun de Beschäftegte bei „Champ Cargosystems“

Aus dem Communiqué vum LCGB vum 2. Februar geet ervir,

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!

De Monterey Pop Festival a Kalifornien gëtt oft als Ufanks-Evenement

Festival vu Wolz goes Garden Sounds 2021

Vum 26.Juni bis de 25.Juli 2021

Festival vu Wolz goes Garden Sounds 2021

De Festival vu Wolz ass zeréck, wann och an engem anere Format wéi normalerweis. Deene meeschte sinn d’Open-Air Concerten am Kader vu Garden Sounds net méi onbekannt, ma dëst Joer steet de Festival ganz ënnert dësem Motto.

Natierlech muss hei d’Sécherheet vun de Spectateure garantéiert ginn, wouduerch d’Plaze limitéiert sinn. Déi 68. Editioun vun dësem Spektakel fënnt vum 26. Juni bis de 25. Juli am Aphitheater beim Wolzer Schlass, sou wéi am Jardin de Wiltz statt. Esou gëtt de Summer net nëmme waarm, mee och musikalesch a kulturell.

Eng konterbont Mëschung!

De 26. Juni geet d’Rees an de Balkan – an dat zesumme mat La Fanfare Couche-Tard, eng Musek, déi esou dynamesch wéi stëmmungsvoll ass. Um selwechten Dag dierfe Kanner um Bal des Crapiots weisen, wéi gutt si danze kënnen.

Den 3. Juli begleede mir de Lëtzebuerger Jazzmuseker Pol Belardi a seng Kandheet. Mat de Pol Belardi’s Childhood Memories entdecke mir säi musikaleschen Ursprong a fannen eraus, wat Gaming a japanesch Komponiste mat senge Kreatiounen ze dinn hunn.

De 4. Juli gëtt e besonneschen Dag fir d’Kanner – e Musical ass geplangt. Schauspill, Musek a Gesang, zesumme mam Ritter Kokosnuss. Um 5. Juli ass eng Schoulvirstellung geplangt.

Folk an Elektronesch Musek – dës Mëschung kënnt den 9. Juli op iech duer. Mam jonken Talent Bartleby Delicate gëtt et fantasievoll.

Den 10. Juli gëtt et experimentell. Mat Lit & Beats (Literatur a Beats) presentéiert de lëtzebuergeschen Auteur Luc Spada zesumme mam DJ Kwistax, der Kënschtlerin Suzan Noesen sou wéi dem Lëtzebuerger Auteur Gast Groeber d’Konscht vun de Wierder, dobäi ginn se kënschtleresch a musekalesch ënnermolt.

De. 11. Juli gëtt et traditionell. D’Weeltzer Musik suergt hei fir deftegen Hausmannskascht – e schéine Kontrast zum Rescht vum Programm.

De 16. Juli ass d’Musek net nëmme voller Jazz, ma och d’Lidder sinn an ënnerschiddleche Sproochen ze héieren. Et ass eng kleng Rees op Spuenesch, Englesch a Portugisesch déi mir hei vum Marly Marques Quintet ugebuede kréien.

Den 18. Juli spillen d’Indie-Museker vun Tuys, déi hiren Album „A Curtain Call For Dreamers“ virstellen. Do däerf e sech op progressiv an alternativ Musek freeën.

Mir kommen esou lues zum Ofschloss: Déi däitsch-Lëtzebuergesch Sängerin Adrienne Haan féiert eis an d’Welt vun de Musekslegenden Jacques Brel, Edith Piaf, Charles Aznavour an dem Kurt Weill.

Weider Informatioune fannt Dir op www.festivalwiltz.lu.

Related topics Adrienne Haan, Bartleby Delicate, Concerten, Festival vu Wolz, Garden Sounds, Jardin de Wiltz, Kultur, La Fanfare Couche-Tard, Lit & Beats, Marly Marques Quintet, Pol Belardi, Ritter Kokosnuss, Tuys, Weeltzer Musik, Wolzer Schlass
Next post Previous post