Search

You may also like

Clever Solar: Den Turmes am Optrag vun der Sonn
Kultur Neiegkeeten

Clever Solar: Den Turmes am Optrag vun der Sonn

Gëschter huet den Energieminister Claude Turmes nei Detailer zur Campagne

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen
Kultur Neiegkeeten

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

D’Doudesaffer hunn zu Lëtzebuerg en historesche Minimum erreecht: Et gouf

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?
Kultur Neiegkeeten

Déi dräi Äishelleg: Legend oder nach ëmmer Realitéit?

Zanter dem Mëttelalter gëtt d’Zäit vun den Äishellegen traditionell op

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Dëst Joer fënnt de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit an de Kulture vum 1. bis den 3. Mäerz op der Luxexpo um Kierchbierg statt. Organiséiert gëtt den Event wéi gewinnt vum CLAE (Liaisounscomité fir friemlännesch Associatiounen).

Zanter iwwer dräi Joerzéngten, ass de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit an de Kulturen den Uert vun der Ecoute vun de Veräiner, heescht et säitens dem CLAE. D‘Lescht Joer, bei der 35. Editioun vum Festival, war de Projet „Mäin Numm ass…“ agefouert ginn. Et sollt eng Plattform sinn, op där sech d‘Vertrieder, d‘Militanten an/oder déi Fräiwëlleg fir hir Associatioun kënnen asetzen. De Projet hat esou ee groussen Erfolleg, datt et och dëst Joer nees gemaach gëtt.

Wien den Appell vum CLAE sollt verpasst hunn, seng Associatioun awer och dem Public wëll méi no bréngen, sollt sech zäitno mellen. All Informatiounen dozou fënnt een um offizielle Site.

Related topics CLAE, Festival vun de Migratiounen, LuxExpo
Next post Previous post