Search

You may also like

Dräi Kaperole vereedegt
Neiegkeeten

Dräi Kaperole vereedegt

En Donneschdeg goufen um Härebierg dräi Beruffszaldoten am Grad vum

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)
Neiegkeeten

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, de 5. Juli 2020

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier
Neiegkeeten

Verstäerkt Video-Iwwerwaachung am Garer Quartier

Fir d’Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren informéiert de Minister

Festnam no Iwwerfall zu Esch-Uelzecht…

...an en Dissens ëm Drogen an der Stad huet gläichfalls bei den Untersuchungsriichter gefouert

Festnam no Iwwerfall zu Esch-Uelzecht…

Um spéide Freidegowend (21.45 Auer) war zu Esch-Uelzecht an der Batti-Weber Strooss eng Persoun vun dräi Männer attackéiert ginn. Laut der Police ass d‘Affer am Gesiicht blesséiert ginn, an huet de Smartphone ofgeknäppt kritt. Zwee vun de Brigange konnten no enger kuerzer Zäit ermëttelt ginn, den Drëtten hunn d‘Beamten eppes méi spéit gepëtzt. Si hunn elo en Termin beim Untersuchungsriichter.

…ëmmer déi Drogen

An der Haaptstad war en Drogendeal aus dem Rudder gelaf. Zwou Persoune waren sech an der Strooss vum X. September an d‘Hoer geroden, firwat d‘Police op d‘Plaz geruff gouf. Bei der Kontroll vun de Persounen hunn d‘Beamte bei engem vun den „Intervenanten“ 30 Gramm Marihuana aus de Posch geholl, firwat dat Ganz eng nei Dimensioun erfueren huet. D‘Police huet mam Parquet Récksprooch gehalen, an dësen huet d‘Perquisitioun vun de Wunnenge vun de bedeelegten ordonéiert.

Bei engem vun de Kandidaten – dat dierft vermuttlech de Client gewiescht sinn – war d‘Wunneng „Propper“. Beim zweete goufen d‘Zankerten dann awer net enttäuscht. Si hunn déi 260 Gramm Marihuana, 60 Gramm Haschisch an de Goss (eng gréisser Zomm esou de Policebericht) zimmlech séier fonnt. Nodeems dann alles gekläert war, gouf säitens dem Parquet och d‘Verhaftung vun den zwee Männer ordonéiert.

Illustratioun: © Maxim Hopman / unsplash

Related topics Déifstall, Drogen, Drogendealer, Festnam, Iwwerfall, Policebericht, Untersuchungsriichter
Next post Previous post