Search

You may also like

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019
International Neiegkeeten

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019

Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an

6. Juni: Retour vum Stater „Vide-Grenier“
International Neiegkeeten

6. Juni: Retour vum Stater „Vide-Grenier“

De sougenannte „Vide-Grenier“ an der Haaptstad ass streng geholl just

Guidéiert Visitt duerch d’Schlammwiss an d’Beringungsstatioun
International Neiegkeeten

Guidéiert Visitt duerch d’Schlammwiss an d’Beringungsstatioun

Dir wollt schonn ëmmer méi zum Naturschutzgebitt Schlammwiss, seng Flora

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune gi weider

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune gi weider

De 7. Abrëll 2021 fënnt virum Verwaltungsgeriicht zu Cagliaei (Sardinien) schonn erëm eng Verhandlung iwwert d’Fräiloossung vum Rettungsschëff ALAN KURDI statt. Déi italienesch Küstewuecht huet d’Schëff den 9. Oktober 2020 zu Olbia festgesat, an dat nodeems si bei bei Asätz 133 Mënschen, dorënner Männerjäreger, gerett haten.

„D’Festsetzung vun der ALAN KURDI ass een Deel vun engem systemateschen Ugrëff vun den italieneschen Autoritéiten op zivil Séinoutretter*innen“ seet den Gorden Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye.

Ëmmer erëm setzt déi italienesch Küstewuecht Rettungsschëffer, déi ënnert dem däitsche Fändel stinn, mat absurde Grënn fest. Ufank Mäerz war souguer e Verfare géint 21 Séinoutretter*inne vun der humanitärer Hëllefsorganisatioun „Ärzte ohne Grenzen“, „Jugend rettet“ a „Save the Children“ ageleet ginn.

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune
Sea Watch / Twitter

„Géint zivil Séinoutretter*inne gi Moossnamen ergraff, fir den héchstméiglechen Drock opzebauen. Zil ass et, eis zur Aufgab ze maachen, a si ze zwéngen, déi politesch Strategie, datt Flüchtend ofwiert ginn, mat alle Mëttelen duerchzesetzen“,seet Här Isler weider.

De jéngste, juristeschen Erfolleg vun der Séinoutrettungsorganisioun Sea-Watch virum Verwaltungsgeriicht Palermo stëmmt d’Séinoutrettung vu Regensburg optimistesch. D’Geriicht huet kloer entscheet datt de Schutz vum Liewen an d’vëlkerrechtlech Verflichtung zur Rettung méi schwéier weien, wéi d’Suerg vun der italieneschen Küstewuecht iwwert d’Unzuel vun den Toiletten an anere Mängel.

Obwuel d’Sea-Watch 4 fräigelooss gouf, huet et net all ze laang gedauert, an déi italienesch Autoritéiten hunn d’Sea-Watch 3 festgesat. Esou geet dat net – an zemools net mat esou “blöden” Argumenter’ déi dat begrënnen.

D’Blockade vun der ALAN KURDI ass och e finanzielle Problem. Et fale Käschte fir Affekoten, fir d’Personal an d’Crew an, de Schued beleeft se op ronn 120.000 Euro. An dëst Geld feelt fir den Ëmbau vum Schëff …

Och am Fall vun der SEA-EYE 4 rechent d’Organisatioune mat Schikanen. „D’Angscht virun enger Festsetzung däerf eis net vum Asaz ofhalen, well mir soll soss wär hiert Strategie erfollegräich an esou eng Politik däerf sech an Europa nimools duerchsetzen“ ënnersträicht de Gorden Isler nach.

Related topics Alan Kurdi, Cagliaei, Fräiloossung, Geriicht, Gorden Isler, Sardinien, Sea-Eye, Sea-Watch 4, Séinoutrettung
Next post Previous post