Search

You may also like

surprise
Op der Sich no den Urspréng
Kultur Neiegkeeten

Op der Sich no den Urspréng

Ee Joer nodeem d‘Pandemie ausgebrach ass, sinn d‘Experte vun der

Den Ierfgroussherzog Guillaume besicht d’Entreprisen
Kultur Neiegkeeten

Den Ierfgroussherzog Guillaume besicht d’Entreprisen

Schonn zënter e puer Deeg besicht den Ierfgroussherzog Guillaume Geschäftsleit

Feieren an danzen bis an d’Nuecht eran – Mir ginn an de MELUSINA
Kultur Neiegkeeten

Feieren an danzen bis an d’Nuecht eran – Mir ginn an de MELUSINA

1984 ass de Ronald Reagan US-Präsident ginn, d’Ghostbusters hunn am

Fête de la Musique 2020: Bis de 15. Mäerz kann ee sech mellen!

Fête de la Musique 2020: Bis de 15. Mäerz kann ee sech mellen!

Méi wéi 400 gratis Concerten u 5 Deeg uechtert d’Land: Fir d’Fête de la Musique 2020, déi vum 17. bis 21. Juni stattfënnt, gi méi wéi 50.000 begeeschtert Visiteuren erwaart. Mat engem neie Konzept an e puer Iwwerraschunge feiert d’Stad Lëtzebuerg seng 20. Editioun vum musikalesche Fest, dat dem Public eng immens Variatioun u verschiddene Kënschtler, Stiler a Sproochen op de verschiddenste Plaze bitt.

Den 19. Juni 2020 sollt ee sech am Beschten elo schonn am Agenda androen, wann een an d’Fête de la Musique an der Stad Lëtzebuerg andauche wëll. Zënter senger Kreatioun am Februar 2000 vum Kulturministère, dat duerch d’Zesummenaarbecht mam Reseau vun der europäescher Fête de la Musique, kann eist Land schonn zwee Joerzéngten u musikalescher Faszinatioun a freedege Gesiichter, déi den zuelräiche gratis Concerten zouzeschreiwe sinn, virweisen.

Zil ass et säin Horizont ze erweideren, Amateuren d’Méiglechkeet zur eegener Duerstellung ze ginn a mat professionelle Museker bei de Fans ze punkten. Et soll een amüsant Zesummesi ginn, bei deem een och vläicht emol deen een oder aneren Eck am Land nei kenneléiert.

Fête de la Musique 2020

© FDLM

Dir wëllt aktiv deelhuelen?

An dësem Kontext informéiert d’Stad Lëtzebuerg doriwwer, datt Restauranten, Caféen, Associatioune, Club a Museker, déi un der Participatioun vun der FDLM interesséiert sinn, hir Demande bis de 15. Mäerz 2020 areeche sollen. No dësem Delai ginn d’Kandidaturen an d’Projeten analyséiert, uschléissend gëtt de Programm opgestallt. All noutwenneg Informatiounen zur Aschreiwung fannt Dir ënnert fetedelamusique.lu.

D’Initiativen, déi zeréckbehale ginn, profitéiere vun engem Forfait vu 500 € pro Grupp, wou nach 50 € pro Museker dobäi kommen. Mat dëse Moossname wëll een d’Ëffentlechkeet aktiv um Prozess vum Plangen deelhuele loossen an ee esou räichhaltege Programm opstellen.

Opmaacherbild: © FDLM

Related topics 20. Gebuertsdag, Appell zur Kandidatur, Aschreiwung, Concert, FDLM, Fête de la Musique 2020, Musék, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post