Search

You may also like

Shutdown: Dem FBI geet de Goss aus
Kultur Neiegkeeten

Shutdown: Dem FBI geet de Goss aus

De Shutdown geet a seng fënneft Woch an esou lues

Washington wëll Ankara wirtschaftlech platt walzen
Kultur Neiegkeeten

Washington wëll Ankara wirtschaftlech platt walzen

Nodeems den Donald Trump via Twitter gedreet huet d‘Tierkei „wirtschaftlech

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
Kultur Neiegkeeten

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

Apéro oder Fête de la musique? Haaptsaach Musek!

Apéro oder Fête de la musique? Haaptsaach Musek!

Ei, de Summer kënnt zu Iechternach un. Ab dem Freideg, den 18. Juni ab 17 Auer invitéiert den Trifolion iech op Live-Concerten an e Patt am Trifo Bistro an.

D’Entrée fir den Trifo Apéro, dee souguer all Freideg stattfënnt ass gratis, et gëtt allerdéngs recommandéiert sech eng Plaz reservéieren ze loossen +352 26 72 39 1 oder ticket@trifolion.lu. Fir d’Musek suergt dës Woch „The Teachers Band & Friends“ (George Letellier, Laurent Peckels, Riaz Khabirpour & Jerome Klein).

D’Dozente vun der Iechternacher Museksschoul presentéieren eng opreegend Mëschung aus Jazz, Funk&Soul bis hunn zum Samba. Fir dësen Optrëtt huet d’Band sech nach e puer al Schüler an Dozenten Iwwerraschungsgäscht organiséiert.

De Sonndeg, den 20. Juni fënnt déi 13. Editioun vun der Iechternacher „Fête de la musique“ statt. Op ënnerschiddleche Plaze gi Concerten ugebueden, déi Spaass fir Grouss a Kleng garantéieren. Et geet fräi lass, ab 10 Auer spiert een de Rhythmus vun der Musek. Dës Veranstaltung kann e bestëmmt schéi mat engem Spadséiergang duerch déi besonnesch Iechternacher Stroossen kombinéieren.

D’Entrée zu dësem Fest, wat vun der regionaler Museksschoul an dem Trifolion organiséiert gëtt, ass fräi. De Programm sou wéi all weider Informatioun zum Trifo Apéro an der Fête de la musique fannt Dir hei:

Related topics Fête de la musique, Iechternach, Kultur, Trifo Apéro, Trifolion
Next post Previous post