Search

You may also like

Transition Days Podcast: Handlunge ginn net duer, mir mussen ëmdenken (Episod 4)
International Neiegkeeten

Transition Days Podcast: Handlunge ginn net duer, mir mussen ëmdenken (Episod 4)

Am Kader vun den Transition Days steet dëse Mount ënnert

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do
International Neiegkeeten

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do

An dëser Ausgab vum EDI – Infomagasinn fir Elteren geet

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen
International Neiegkeeten

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen

De Gemengewahlkampf zitt gläich un. Spéitstens mat der Rentrée geet

Fierkel kloe viru Geriicht: Kastratioun just nach mat Narkos!

Fierkel kloe viru Geriicht: Kastratioun just nach mat Narkos!

Genau wéi d’Mënsche verdéngen och Déieren d’Recht op Liewen, Fräiheet an Integritéit. Fir dëse Punkt nach emol méi kloer duerzestellen, presentéiert d’Déiereschutzorganisatioun PETA (People for the Ethical Treatment of Animals) elo d’Klo vun 22 Millioune Fierkel, déi sech beim Bundesverfaassungsgeriicht zu Karlsruhe beschwéieren.

Dat gouf et nach ni a klengt esou kuriéis, wéi och erstaunlech: Wat geschitt, wa bemol d’Déiere selwer fir hir Rechter antrieden an direkt beim Geriicht fir hiert Liewe kämpfen? D’Recht, fräi vu Péng a Leed liewen ze mussen, ass zwar an der däitscher Legislatioun opgezielt, gëtt awer nach ëmmer net eescht geholl. Virun allem d’Kastréiere vu Fierkel ouni Narkos ass leider trauregen Alldag. Am Gesetz gëllt dës Demarch bei Déieren ënnert 8 Deeg nämlech als Ausnam.

Alternativen existéieren, genotzt gi se net wierklech. Geet een dem Deutscher Tierschutzbund no, solle bei eisen däitschen Noperen all Joer ronn 20 Millioune Fierkel, déi mol nach keng 8 Deeg hunn, esou kastréiert ginn. De Grond dofir? Virun allem d’Fleesch vu jonke Schwäi gëtt verkaaft, woubäi sech vill mat der Fleesch- a Fettqualitéit beschäftegt gëtt. De Risiko vum sougenannten Ebergeroch klëmmt bei onkastréierte Schwäin.

Fierkel

© PETA Deutschland e.V. op Twitter

Zu den Alternative gehéiert beispillsweis déi sougenannt Immunokastratioun, woubäi ee mam Impfstoff Improvac just géint de Geroch, an net d’Fortplanzungsorgan virgeet. D’Käschte leien, sou de Bundesinformationszentrum fir Landwirtschaft, bei 3,50 €, woubäi eng besser Fudderverwäertung dës Käschten uschléissend ausgläiche soll. Eng aner Variant wier d’Kastratioun ënnert Narkos, déi duerch ee Veterinär gesetzlech erlaabt ass. Heibäi dierf just Ketamin an Azaperon als Wierkstoff zougelooss. De Risiko besteet allerdéngs, datt d’Fierkel duerch d’Noschlofphas vun 3 bis 4 Stonnen net genuch Mëllech ophuelen an esou stierwen.

Aktuell lafen Diskussiounen zur Lokalanästhesie, woubäi ee sech op déi positiv Resultater a Skandinavien bezitt. Aus dësem Grond schwätzt een hei och vum „skandinavesche Wee“. Kritiker mengen, datt d’Piqûre ze schmäerzhaft wier. Ouni Narkos deet et also net esou wéi?

Fest steet, datt déi endlos Diskussiounen ëmmer weider verlängert ginn an een net zu enger gemeinsamer, wierdeger Decisioun kënnt. D’Ëmstellungsfrist dauert nämlech 4 Joer, an dësem Fall bis Enn 2020.

Fierkel

© PETA Deutschland e.V.

Déiereschutz ass Mënscheschutz

Am Numm vun zirka 22 Millioune klenge Schwäin huet d’Dr. Cornelia Ziehm eng Klo vun 68 Säiten opgestallt a geet esou präzis géint de § 21 Ofs. 1 S. 1 TierSchG vir. D’Gesetz géif net automatesch zu engem méi staarke Schutz vun de (Wierbel)Déiere féieren an de Mënsch weiderhin als Kroun vun der Schëpfung vun der Natur duerstellen, deen Déieren zu méi rangniddrege Liewewiese mécht.

D’Empfannen an d’Leed vun engem Déiere matfillen ze kënnen, gëllt als Ausgangspunkt fir den etheschen Déiereschutz. De Respekt virun der mënschlecher Dignitéit bleift onvollstänneg, soulaang net och d’Dignitéit vum Déier respektéiert gëtt.

„D’Recht op kierperlech Integritéit schützt d’Gesondheet am biologesch-phsyiologesche Sënn. Ëmfaasst sinn domat virun allem d’Gesondheet an dat kierperlecht Wuelbefannen, mee och déi kierperlech Integritéit, also de Kierper esou ze beloossen, wéi en ass. Kierperlech Integritéit am Sënn vum Art. 2 Ofs. 2 S. 1 GG heescht domat och d’Fräisinn vu Péng a Blessuren. Dat bréngt erëm mat sech, zwangsleefeg fräi vu länger unhalender oder sech widderhuelender Péng oder Leed ze liewen“, sou d’Dr. Cornelia Ziehmer.

Dës weidere geet d’Affekotin vun de Fierkel dorop an, datt d’Bundesverfaassungsgeriicht d’Déieren als „klagefähige nicht-humane Rechtspersonen“ unerkenne misst, soss wier ee wierksamen Déiereschutz net méiglech.

Fierkel

Geet dat iwwerhaapt?

De Manneheimer Juraprofessor Jens Bülte erkläert, datt een et mat dëser Klo wäert schwéier hunn. D’Grondgesetz berout an Däitschland op enger mënschenzentréierter Struktur. Et kéinten zwar och juristesch Persoune vun de Grondrechter Gebrauch maachen, allerdéngs géif een heimat Veräiner, Parteien, Kierchen an Ähnleches mengen. „De Gedanken dobäi ass, datt hanner der juristescher Persoun Mënsche stinn“, sou de Bülte.

Bis 1990 stoungen Déieren am Zivilrecht op engem Niveau mat liewlose Géigestänn. Eréischt am Joer 2002 ass den Déiereschutz als Staatszil an Grondgesetz verankert an den dozou gehéieregen Artikel 20a erweidert ginn. Mënsch an Déier sinn domat zwar nach ëmmer net op een Niveau gesat ginn, allerdéngs goufen Diskussiounen zur Notzung vun Déieren duerch de Mënsch ausgeléist.

Fir d’Wuelbefannen a Liewe vun Déieren ze schützen, Mësshandlungen an net-aartgerecht Haltung ze verhënneren ass d’Déiereschutzgesetz verantwortlech. Déierequälerei oder d’Doutmaache vun engem Déieren, duerch Expressegkeet an ouni Grond kann eng Fräiheetsstrof vu bis zu 3 Joer oder och Geldstrofe mat sech bréngen.

Et ënnerscheet een dobäi am Gesetz tëscht Haus-, Notz- a Wëlldéieren. Um internationalen Niveau verlaangt den Déiereschutz d’Fräiheet vun Honger, Duuscht en Ënnerernierung; d’Fräiheet vun Angscht an Nout sou wéi psycheschem an thermesche Bedreeungen, Péng, Blessuren a Krankheeten. Donieft sollen si d’Fräiheet hunn een normaalt Verhale weisen ze dierfen. „Déi aktuell Beméiunge ginn an d’Richtung, vergläichbar, mee vun de Mënscherechter onofhängeg Rechter fir net-mënschlech Persounen ze definéieren“, ënnersträicht den Andreas Ackenheil, op Déiererecht spezialiséierten Affekot aus Klein-Winternheim.

Zu PETA

People for the Ethical Treatment of Animals, besser bekannt als PETA gëllt mëttlerweil als gréisst Déiererechtsorganisatioun weltwäit, déi am Joer 1980 gegrënnt ginn ass. Mëttlerweil ass den Haaptsëtz zu Norfolk, Virginia. Finanzéiert gëtt d’Organisatioun duerch Donen. PETA Deutschland e.V. ass Enn 1993 entstanen an huet als Missioun Déierequälerei opzedecken, Opklärungsaarbecht an der Ëffentlechkeet ze leeschten a Verbesserungen zur Liewensweis vun den Déieren ze fuerderen.

Related topics Anästhesie, Bundesverfassungsgeriicht, Déiereschutzgesetz, Dr. Cornelia Ziehm, Fierkel, Grondrechter, Kastratioun, Klo, Lokalanästhesie, Narkos, People for the Ethical Treatment of Animals, PETA Deutschland e.V., skandinavesche Wee, Verfaassung
Next post Previous post