Search

You may also like

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
Kultur Neiegkeeten

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun
Kultur Neiegkeeten

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun

Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Kultur Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

Figure in Print: De Mënsch grafesch duerstellen

Figure in Print: De Mënsch grafesch duerstellen

Mat der Expo „Figure in Print“ gëtt iwwer 170 grafesch Wierker, verdeelt op zwou Plazen, e spannenden Iwwerbléck zum Räichtum vun der grafescher Kreatioun zu Lëtzebuerg ugebueden. Dobäi steet de Mënsch am Virdergrond.

Vum 22. Januar bis den 27. Juni 2021 wäert d’Expo am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) organiséiert ginn, wärend vum 28. Januar bis 18. Abrëll och an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) artistesch Schätz vu 1945 bis haut op de Visiteur waarden.

Déi faszinéierend Diversitéit vun dëser spezifescher Ausdrocksform ass dobäi a 5 Themeberäicher ënnerdeelt: Bildnisser, abstrakt Duerstellung an Aktduerstellung am MNHA, sou wéi De Kierper a Beweegung an De Mënsch an der Gesellschaft an der BnL.


Figure in Print(v.l.n.r.) Personnage en fuite vum Strainchamps Armand – La conversatioun vum Leches René – Blue Print Canvas vum Walch Anneke – Hommage à Rainer Brambach vum Leyder Jean – Dangereux parfums matrice vum Delvaux Jean


Vum Héichdrock mat Holz- a Linolschnëtt, iwwert den Déifdrock (Kofferstéch, Aquatinta, Heliogravure, …) bis hin zur Lithografie oder dem Siebdruck, jo souguer der Kombinatioun aus méi Prozeduren, sinn déi ënnerschiddlechst Methoden an Tendenze representéiert. Dobäi gëtt op d’Sammlung vum Musée an der Bibliothéik, sou wéi op geléinte Wierker vu bekannte Kënschtler zeréckgegraff.

Ënnert den 84 vertruedene Kënschtler ass d’Majoritéit hei gebuer an opgewuess, respektiv lieft a schafft gréisstendeels am Groussherzogtum.

Fir de sougenannte Printmaking a seng technesch Méiglechkeeten nach weider ze fërderen, ginn guidéiert Visitten, Konferenzen a Workshops organiséiert. Dës Weideren sinn am zweesproochege Katalog zuelräich Ofbildungen, an dräi Dissertatiounen zum Thema Lëtzebuerger Druckgrafik aus ënnerschiddleche Vuen ze fannen. Dëst begleedend Dokument kann am MNHA, an der BnL, a Bicherbutteker, an och online ënnert www.mnha-shop.lu kaaft ginn.

Weider Informatiounen zu den Ëffnungszäiten an de sanitäre Moossname fannt Dir op mnha.lu an op bnl.lu.

Related topics BnL, Expo, Figure in print, Grafik, Gravur, Kreatioun, Mënsch, MNHA, Nationalbibliothéik, Nationalmusée fir Geschicht a Konscht
Next post Previous post