EU-Parlament stellt sech queesch
Dee vun de 27 Staats- a Regierungscheffen ënner Schmäerzen ausgehandelte
Dee vun de 27 Staats- a Regierungscheffen ënner Schmäerzen ausgehandelte
Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur
Reesen ass zur Stonn éischter ënnersot, mee d‘Welt dréit sech
D’EU-Deputéiert hunn eng éischt Kéier um Dënschdegowend vun der vergaangener Woch fir e Verbuet vu Bläimunitioun gestëmmt. Dat huet déi rechts orientéiert Fraktioun Identity and Democracy (ID) dozou bruecht, en Asproch anzereechen, iwwert deen um spéide Mëttwochowend ofgestëmmt gouf.
An der Schlussofstëmmung hu 499 Deputéiert fir d’Verbuet, 153 dogéint gestëmmt an 39 hu sech der Ofstëmmung enthalen. Am Virfeld haten zuelräich Naturschutzorganisatiounen mam Hashtag #BanLead Drock ausgeübt, fir datt eng méi gesond, schuedstofffräi Zukunft fir Ëmwelt, Déier a Mënsch garantéiert gëtt.
Ënnerhalb vu 24 Méint muss elo all a Fiichtgebidder genotzt Munitioun bläifräi sinn. De REACH-Ausschoss (European Regulatioun on Registration, Evaluation, Authorisation and Restriction of Chemicals) huet schonn am Oktober fir e Verbuet vu Bläi wéinst sengen héichgëftegem Eegenschaften gestëmmt.
Och wann d’Lëtzebuerger Gesetz den Asaz vu Bläimunitioun ënnerhalb vun 30 Meter Entfernung zu Séien, Weieren, Reservoiren, Flëss a Kanäl verbitt, ass dëst e gewaltege Schrëtt um europäeschen Niveau, deen natur&ëmwelt begréisst.
Bläi gëtt säit Joerzéngten a Munitioun an Angelgeschier genotzt, obwuel seng uerg Auswierkungen op Mënsch, wëll Déieren an d’Natur bekannt sinn. Bläimunitioun gëtt gären als Juegdmunitioun agesat a besteet, am Géigesaz zu Geschosser aus enger Kugel, aus zuelräiche klenge Kugelen déi gläichzäiteg aus dem Gewier geschoss ginn, woubäi just e klengen Deel vum ofgefeierte Bläi säin Zil trëfft. De Rescht bleift zerstreet an der Natur zeréck.
Et gëtt geschat, datt eleng an der EU duerch dës Praktik all Joer ëm 21.000 – 27.000 Tonne Bläi a d’Ëmwelt komm sinn. Zu Lëtzebuerg sinn et bei der Juegd (Fëscherei ausgeschloss) ca. 550 Kilogramm pro Joer.
Déi kleng Schroutkugelen ginn heefeg vu Waasservullen, wéi Schwanen, Inten a Gänse gefriess, déi si mam Som oder de Kiselsteng, déi si zur Verdauung notzen, verwiesselt. D’Europäesch Chemikalienagentur (ECHA) schätzt, datt déi doduerch ervirgeruffe Bläivergëftung jäerlech zum Dout vu méi wéi enger Millioun Waasservulle féiert.
„Et ass eng Erliichterung an ermuddegt ze gesinn, datt d’Membere vum Europäesche Parlament sech weigeren, an d’Fal vun der Desinformatioun a Panikmaacherei ze tappen, déi zu dësem Thema verbreet goufen. Jiddwereen weess, datt Bläi gëfteg ass“, sou den Ariel Brunner, Senior Head of Policy bei BirdLife Europe, Dachorganisatioun vun natur&ëmwelt.
„No der endgülteger Zoustëmmung vun de Memberstaate kann d’EU endlech Bläi aus eise Fiichtgebidder eliminéieren a Millioune vu wëlle Vullen virun engem luese, schmäerzhaften Dout schützen. An dat wäert hoffentlech d’Sprongbriet sinn, dat d’EU braucht, fir Bläimunitioun schlussendlech iwwerall ze verbidden.“
Quell: Parlamentaresch Fro N° 2535 vum 14. Juli 2020
Matgedeelt vun natur&ëmwelt
Opmaacherbild: © BirdLife International and Central Asia