Search

You may also like

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg
Kultur Neiegkeeten

E Kuch fir d’Buch: 25 Joer Walfer Bicherdeeg

Wat viru 25 Joer als klenge Bicheroccasiounsmaart ugefaangen huet, ass

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour
Kultur Neiegkeeten

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour

Et ass net grad déi beschten Zäit fir den handel

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Lëtzebuerger Film Fong: En erfollegräicht Joer 2019

Lëtzebuerger Film Fong: En erfollegräicht Joer 2019

Zënter senger Kreatioun am Joer 1990 steet beim Lëtzebuerger Film Fong d’Ënnerstëtzung vun audiovisuelle Produktiounen an den Opbau vun engem kreativen Ëmwelt fir d’Filmindustrie am Virdergrond. Elo huet d’Ekipp den Aktivitéitsrapport vun 2019 verëffentlecht a bléckt dobäi op e super Joer zeréck.

Ganzer 36.706.775 € finanziell Hëllefe goufen accordéiert. Dës Zomm ass ënnerdeelt an 1.969.394 € fir Schreif- an/oder Entwécklungshëllef, 33.587.381 € Produktiounshëllef an 1.150.000 € fir Cineworld Projeten. Dobäi kommen 325.487 € fir Carte Blanche, 30.000 € Hëllef fir Auteuren, 324.309 € Promotiounshëllef, 47.414,40 € Bourssen, 15.500 € Subsiden a 54.270 € Ënnerstëtzung bei Museksvideoen.

Film Fong

Ënnert anerem huet de Film Fong mat folgende Partner zesummegeschafft:

  • Fërderungsmoossnam mam Media-Fong vu Kanada fir d’Koentwécklung an d’Koproduktioun vun audiovisuelle Projeten (175.580 €);
  • Fonge fir d’Koentwécklung mat Screen Ireland fir vu Frae geschriwwen an/oder realiséiert audiovisuell Projeten (47.250 €);
  • Partnerschaft mat ARTE fir an Entwécklungen a Koproduktiounen ze investéieren, déi um franséisch-däitsche Sender lafe sollen (158.394 €);
  • Zesummenaarbecht mam Fong FWB-RTBF fir d’Entwécklung an d’Produktioun vu belsch-Serien a franséischer Sprooch (300.000 €).

Ma, wie produzéiert erhofft sech natierlech och belount ze ginn. D’Joer 2019 gouf markéiert vun enger Rëtsch Selektiounen, Nominatiounen a Präisser an alle Kategorien. Dorënner waren:

  • Temblore a Flatland op der Berlinale;
  • Les hirondelles de Kaboul, Chambre 212, Viendra le feu an The Orphanage um Festival vu Cannes;
  • Collective, Les épouvantails, Cosmos within us a Sublimation op den internationale Filmfestspiller vu Venedeg;
  • Les hirondelles de Kaboul, Zero Impunity, Fox and Hare, Ayahuasca (Kosmik Journey) a Le voyage du Prince um Animatiounsfilmfestival zu Annecy;
  • Deux, Collective, Red Fields Mami, Flatland a Viendra le feu um Festival zu Toronto.

Am Beräich vun de Serien ass besonnesch Capitani a Bad Banks positiv ervirgetrueden.

Markant Evenementer

Am Joer 2019 stounge virun allem franséisch Koproduktiounen, déi fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg organiséiert gi sinn, am Fokus. An dësem Kader ass dann och déi éischt Editioun vum Kompositiounsconcours fir Filmmusek lancéiert ginn.

Wärenddeem ass um Filmfestival vun Angoulême den nationale cinematographeschen Ierwe gefeiert ginn. D’Wierk Les hirondelles de Kaboul konnt hei souguer ënnert anerem Präis fir de beschte Film gewannen.

Film Fong

Bei den Evenementer hei am Land erënnert sech de Film Fong besonnesch gären un de VR-Pavillon am Casino – Forum d’art contemporain zeréck. An Zesummenaarbecht mat Digital Luxembourg an dem Centre Phi vu Montreal sinn am Kader vum Luxembourg City Film Festival ëm 10 Installatioune presentéiert ginn

De komplette Rapport fannt Dir ënnert www.filmfund.lu.

Opmaacherbild: © Jakob Owens / Unsplash

Related topics ARTE, Filmfestival, Filmindustrie, Finanziell Ënnerstëtzung, Lëtzebuerger Film Fong, Produktiounshëllef, RTBF, VR-Pavillon
Next post Previous post