Search

You may also like

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet
Kultur Neiegkeeten

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)
Kultur Neiegkeeten

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)

Et ass e leidenschaftleche Plädoyer, deen de franséische President, Emmanuel

Einfach Andalusien: TÉCNICA këmmert sech ëm Är Grupperees!
Kultur Neiegkeeten

Einfach Andalusien: TÉCNICA këmmert sech ëm Är Grupperees!

D’Organisatioun vun enger Grupperees fuerdert pragmatesch Fangerspëtzegefill an organisatoresch Talent.

Filmer, déi Nostalgie opbréngen – Loscht der Realitéit ze entfléien?

Filmer, déi Nostalgie opbréngen – Loscht der Realitéit ze entfléien?

Verschidde Filmer koumen net aus der Moud, egal wéi al se sinn. Ob Drama, Thriller oder Komedie, et ass sécherlech fir all Goût eppes dobäi. Sollt de Streamingdéngscht Netflix se net méi am Programm hunn, sinn dës spannend Filmer bestëmmt och op anere Plazen ze fannen.

Zurück in die Zukunft

De Film mam Marty McFly ass a bleift Kult. Hien reest versehentlech mat enger Zäitmaschinn an d’Joer 1985 fir sécherzestellen, datt seng Elteren zesummekommen. Natierlech ass dat méi schwéier wéi geduecht.


Die Maske

Den Jim Carrey ass a senger Roll legendär. Hien gëtt vu Pech verfollegt an duerch eng mysteriéis Mask erfëllen sech e bemol all seng Wënsch. Mee leider huet alles säi Präis …


Paul – ein Alien auf der Flucht

Zwee Science-Fiction Fanatiker wëllen d’Area 51 besichen an treffen dobäi op en richtegen Ausserierdeschen. Et schéngt e ganz Léiwen ze sinn, mee hien ass op der Flucht. Firwat?


This is the End

An dëser Komedie spillen de Seth Rogen an nach aner Staren sech selwer. Si ameséieren sech op enger Party. Richteg haart! An de Weltënnergank steet bevir. Wien kritt sech gerett? A firwat gouf d’Apokalypsen ausgeléist?


My Girl

Bei dësem Film bleift bestëmmt keen Aen dréchen. D’Vada, gëtt mat senge knapp 11 Joer dacks mam Doud konfrontéiert, säi Papp ass Doudegriewer. Hatt verbréngt vill Zäit mam Thomas, dee leider op alles allergesch ass. Hien gëtt vun enger Bei gepickt, an d’Ongléck hëlt säi Laf.


E.T. Der Ausserirdische

E klenge Jong entwéckelt eng ongewéinlech Frëndschaft mat engem Alien. Leider weess dësen net, wéi hien heemkomme soll. De Bouf muss hie vu béisen Autoritéite schützen an him anengems hëllefen, nees heemzekommen.


Karate Kid

Dës Filmer mam Mr. Myagi si Kult! Den Daniel, deen dacks gemobbt gëtt, léisst sech vun dem eeleren Hänn ausbilden. Dobäi léiert hien awer net nëmme Karate, och mënschlech Aspekter spillen eng grouss Roll.


Ghost – Nachricht von Sam

De Sam gëtt am Ufank vum Film ermuert – allerdéngs iwwerdauert seng Léift zum Molly. E Medium soll hëllefen ze vermëttelen an dem Molly verständlech maachen, datt hatt a grousser Gefor ass. Gëtt de Mäerder mat Zäiten fonnt?


Die Verurteilten

Den Andy Dufresne verbréngt säin neit Liewen am Prisong. Hien gouf onschëlleg wéinst engem Mord veruerteelt. Hannert de Prisongsmauere baut hie mat der Zäit eng Frëndschaft zu engem aneren Häftling op.


Ghostbusters

Dräi Parapsychologe grënnen eng Agentur, fir offiziell op Geeschterjuegd ze goen. Dat ass natierlech méi einfach gesot, wéi gemaach – iwwergrouss Dämone maachen hier d’Liewe schwéier a bréngen och d’Famill a Gefor.


Addams Family

D’Addams Family ass e Muss, an dat net nëmmen duerch deen schéine schwaarzen Humor. An dësem makabere Film, geet et och natierlech ëm d’Familljeliewen, am Hannergrond steet allerdéngs dat Groteskt an exzentrescht. Wéi ginn si domat ëm, datt aner Leit hire Liewensstandard komesch a souguer beängschtegend fannen?


Edward mit den Scherenhänden

Falls ee Saachen erfanne wëll, soll een sech ëmmer bewosst sinn, datt no hanne ka lass goen. Sou ass dat an dësem Film passéiert. E kënstleche Mënsch erschafen ass einfach – géing den Erfannen net virdru stierwen. Elo huet den Edward, aplaz Hänn komplizéiert Schéieren, déi him d’Liewe schwéier maachen. Bis datt d’Peg Bogg begéint an den Edward mat heem hëlt. Ob dat gutt aus geet?

Wéi eng vun dëse Filmer hutt Dir scho gesinn? Wat steet nach op Ärer Lëscht?

Opmaacherbild: © Ali Pazani / Unsplash

Related topics Addams Family, Die Maske, Die Verurteilten, E.T. Der Ausserirdische, Edward mit den Scherenhänden, Fernseh, Filmer, Ghost - Nachricht von Sam, Ghostbusters, Karate Kid, My Girl, Netflix, Nostalgie, Paul - ein Alien auf der Flucht, This is the End, Zurück in die Zukunft
Next post Previous post