Search

You may also like

Während dëser Zäit…
International Kultur Neiegkeeten

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“
International Kultur Neiegkeeten

US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“

Fir de Mike Pompeo, dee nom 20. Januar hoffentlech net

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss
International Kultur Neiegkeeten

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss

Am Kader vun enger urgent gestallten Fro vun den 3

Filmfestspiller vu Cannes: Eng weider Lëtzebuerger Produktioun gouf selektionéiert!

Filmfestspiller vu Cannes: Eng weider Lëtzebuerger Produktioun gouf selektionéiert!

De Film „Where is Anne Frank“, dee vum Jani Thiltges (Samsa Film) produzéiert a vum israelesche Regisseur Ari Folman realiséiert gouf, ass den zweete Film deen am Choix vun de Filmfestspiller vu Cannes, déi vum 6. bis de 17. Juli stattfannen, selektionéiert gouf.

„Where is Anne Frank“ ass en animéierte Spillfilm, an deem d’Kitty, dem Anne Frank seng imaginär Frëndin op magesch Weis lieweg gëtt. Doduerch denkt hatt, datt d’Anne och nach liewe muss, d’Kitty muss hatt just fannen. Eng emotiounsgeluede Rees hëlt hire Laf.

Dës Koproduktioun tëscht der Belsch, Lëtzebuerg, Israel, Frankräich an Holland, ass ab November 2021 an de Kinossäll ze gesinn. E groussen Deel vun der Animatioun gouf zu Lëtzebuerg vun Doghouse Film produzéiert. D’Technik kombinéiert klassesch 2D- wéi och Stop Motion Sets. Heibäi huet de Michel Schillings sech ëm den Toun gekëmmert.

Duerch d’Animatiounstechnik riicht de Film sech zemools u jonk Spectateuren an dréit esou säin Deel dozou bäi, datt den Holocaust an och d’Anne Frank net vergiess ginn.

Mat „Les Intranquilles“ vum Joachim Lafosse sinn elo zwee Filmer vu Samsa Film beim bekannte Filmfestival dobäi.

Opmaacherbild: Zeen aus dem Film „Where is Anne Frank“ © Purple Whale Films – Walking the Dog – Samsa Film – Bridgit Folman Film Gang – Submarine Animation – Le Pacte – France 3 Cinéma

Related topics animéierte Spillfilm, Anne Frank, Holocaust, International Filmfestspiller vu Cannes, Jani Thiltges, Samsa Film, Selektioun, Where is Anne
Next post Previous post