Search

You may also like

Porsche Supercup: Den Dylan Pereira muss zu Silverstone e Réckschlag verdauen
International Kultur Neiegkeeten Videos

Porsche Supercup: Den Dylan Pereira muss zu Silverstone e Réckschlag verdauen

De Weekend war haart fir den Dylan Pereira, déi lëtzebuergesch

#VakanzDoheem – D’Vilfalt vu Veianen
International Kultur Neiegkeeten Videos

#VakanzDoheem – D’Vilfalt vu Veianen

O, wat ware mir motivéiert onst d’Schlass zu Veianen kucken

Afrikanesch Schwéngspescht: 7 Schwäi geschoss – all Tester negativ!
International Kultur Neiegkeeten Videos

Afrikanesch Schwéngspescht: 7 Schwäi geschoss – all Tester negativ!

Um 4. a 5. Juli ass un der belsch-lëtzebuergescher Grenz

Filmtipp: „Planet of the Humans“ vum Jeff Gibbs

Well d‘Covid19-Pandemie net déi eenzeg Kris ass, déi eise Planéit bedreet, mee et nach ëmmer eng Klimakris gëtt, déi ganz aner Gefore mat sech bréngt, sollt een de gesellschaftlechen Neistart net ënnert de falsche Virgaben a schonn emol guer net, mat Erliichterunge beim Ëmweltschutz a soss Faveure fir d‘Industrie ugoen. Grad elo sollt een d‘Jalone fir eng besser, propper Welt setzen.

JeffMam Film „Planet of the Humans“ werft de Regisseur Jeff Gibbs ee schounungslose Bléck dorops, wéi d‘Ëmweltbeweegung hir Schluecht zur Rettung vun der Äerd verluer huet. An dat besonnesch wéinst, wuel gutt gemengten, awer falschen an esou am Endeffekt fatalen Decisiounen. Seng Première huet dëse ganz interessanten Dokumentarfilm um „Earth Day“ (22. Abrëll) gefeiert.

De Film ass fräi a senger Integralitéit um YouTube-Kanal vum ausféierende Produzent Michael Moore (Fahrenheit 9/11 – Bowling for Colombine – Trumpkand) ze gesinn. Mir erspueren iech d‘Sich an de Link, an hunn iech de Video hei direkt zur Verfügung gestallt. Kucke lount sech, och oder vläicht grad, wann een net vum Klimawandel iwwerzeegt ass. Vill Spaass a gutt Ënnerhalung.

Related topics Dokumentarfilm, Jeff Gibbs, Michael Moore, Planet of the Humans
Next post Previous post