Search

You may also like

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch
Kultur Neiegkeeten

EU-Ausseminister setze Sanktioune géint Russland duerch

Den Nawalny am Stroflager, d‘Krim nach ëmmer besat… Russland ass

Elo hu mir och e Recht drop „Vergiess“ ze ginn
Kultur Neiegkeeten

Elo hu mir och e Recht drop „Vergiess“ ze ginn

No eise belschen a franséischen Noperen, hunn och mir Lëtzebuerger

natur&ëmwelt feiert Gebuertsdag: Ee Joerhonnert fir eis Natur!
Kultur Neiegkeeten

natur&ëmwelt feiert Gebuertsdag: Ee Joerhonnert fir eis Natur!

An dësem Joer dierf natur&ëmwelt ganzer 100 Käerzen um Gebuertsdagskuch

Fir déi ganz Famill – Kucke mir e Film zesummen?

Fir déi ganz Famill – Kucke mir e Film zesummen?

D’Ouschtervakanz huet ugefaangen, a wien weess, villäicht huet den Ouschterhues och den een oder anere Film an d‘Nascht geluecht? Hei si fënnef Kannerfilmer, déi een zesumme mat der Famill ka kucken – an e puer flott Momenter zesumme verbrénge kann.

Alles steht Kopf

D’Riley, e jonkt Meedche vun 11 Joer ass zudéifst onglécklech, well hatt an eng aner Stad plënnere muss. Hatt muss alles hannert sech loossen, seng Gefiller sinn esou staark, datt een Eegeliewen entwéckelen. D’Freed, Angscht, Trauer, d’Roserei sou wéi all déi aner wëllen him hëllefen, sech am neien Doheem anzeliewen. Ob dat geléngen wäert?


Wall.e

De Wall.e ass e klengen, quadratesche Roboter, deen just seng Aarbecht mécht. Dreck sammelen an zesummepressen. Hien mécht dat well zanter 700 Joer, d’Mënschen hunn den dreckege Planéit scho laang verlooss. An e bemol mécht de Roboter mat Häerz eng Entdeckung, déi alles verännere kann.


The Boss Baby

Wien ass net heiansdo genervt vu senge Gesëschter? Dem Tim geet et och esou, säi klenge Brudder ass bal net ze erdroen. E ka gutt schwätzen, ma dat kritt just de grousse Brudder mat an hien ass ëmmer gutt ugedoen. Een dubiéise Geschäftsmann schéngt seng Hänn am Spill ze hunn. Wéi eng Pläng huet hie mat de Kanner? An hëlleft den Tim sengem Brudder oder kënnt d’Geleeënheet wëllkomm?


Wolkig mit Aussicht auf Fleischbällchen

De Flint erfënnt gäre Saachen – alt méi oder manner gutt. Säi groussen Dram ass eng Erfindung, déi d’Mënschheet verännert. Ma dat geléngt him och, just net esou wéi geduecht. Seng Maschinn déi Waasser an Iesse verwandele kann, geréit komplett ausser Kontroll. Kann de Flint d’Katastroph zesumme mat der Reporterin Sam verhënneren?


Chihiros Reise ins Zauberland

An dat Bescht kënnt zum Schluss! D’Chihiro muss mat sengen Elteren an d’Géigend vun Tokio plënneren. Mee wärenddeem d’Famill op der Rees ass, geroden si onfräiwëlleg an eng komesch, eidel a geféierlech Welt. Dem Chihiro seng Eltere verwandelen sech a Schwäin an dat jonkt Meedche muss sech dëser Situatioun eleng stellen. Fënnt hatt en Auswee aus dësem Mëssel? A wéi geet d’Geschicht fir seng Elteren aus?

Vill Spaass!

Related topics Alles steht Kopf, Boss Baby, Chihiros Reise ins Zauberland, Famill, Filmer, Filmtipps, Kanner, Wall.E, Wolkig mit Aussicht auf Fleischbällchen
Next post Previous post