Search

You may also like

Harcèlement am Hubert Clement: „Präzisiounen“
International Money Neiegkeeten

Harcèlement am Hubert Clement: „Präzisiounen“

Nodeems en Dënschdeg bekannt gouf, datt ee Léierbeoptraagten (Chargé) am

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren
International Money Neiegkeeten

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren

Wéinst den ëmstriddene Subventioune fir Airbus, huet d‘US-Regierung gëschter domadder

Méi Qualitéit um Büro an am Homeoffice: Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen
International Money Neiegkeeten

Méi Qualitéit um Büro an am Homeoffice: Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Ob Teletravail oder um Büro, et ginn divers Moyenen, wéi

money

Financier am Prisong verstuerwen

Financier am Prisong verstuerwen

De Bernie Madoff war zu 150 Haft verurteelt ginn, well hien als Financier seng Cliente bedrunn hat. Elo ass hien am Alter vun 82 Joer am Klinikum vun der Haftanstalt am Bundesstaat North Carolina verstuerwen.

De „Bänkster“ hat sech 2009 Schëlleg bekannt ee risege Schnéiballsystem op d‘Bee gestallt ze hunn an gouf entspriechend verurteelt. De Bernie Madoff wäert an den amerikanesche Geschichtsbicher als groussen Denker mat historescher Dimensioun agoen. Si sinn esou déi aner Säit vum Atlantik an wann ee bis dout ass, huet een seng Schold verbéisst. Op se eppes dorausser léiere wäerten? Nee…

An dëser „Affär“ dierf drun erënnert ginn, datt de Bernie Madoff sougenannt „Investisseuren“ ëm Milliarde vun US-Dollar bruecht huet. Et war dem Bänker gelongen sech een Numm als Autodidakt vun der Finanzwelt mat groussem intuitiven Talent ze maachen. Als fréiere Virsëtzende vun der New Yorker Bourse (Nasdaq) gëllt ee grondsätzlech als vertrauenswierdeg, also bei Leit mat Geld.

Dem Financier säi Pech, war d‘Finanzkris vun 2008, déi vu sengesgläichen erbäigefouert ginn ass, an zumindest dësem kriminellen Acteur vun der Héichfinanz d‘Handwierk geluecht huet. Elo huet de Bernie Madoff de Jordan iwwerschratt, feelen dierft hie kengem. Woubäi wann et wuel richteg ass datt Geld verluer gaangen ass, et hat sengerzäit keen „Aarme“ getraff. Wien ass de nächsten?

mat indymedia/nyc

Foto: Weder op der Wallstreet nach hei zu Lëtzebuerg ass iergendeppes „Besser“ ginn. Et gëtt nach ëmmer „Casino“ gespillt, bedrunn a gelunn. Mat Fair-play, Transparenz an Éierlechkeet ass leider net séier genuch maximale Profit ze generéieren. An heiansdo erwëscht et een… © Jouwen Wang / unsplash

Related topics Bänker, Bedruch, Bernie Madoff, Financier, Finanzplaz Lëtzebuerg, Wallstreet
Next post Previous post