Doudeger am Container schocken England
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet
Eigentlech gëllt Südkorea als „Virbild“ an awer klammen och an
Nieft den ëffentleche Statioune vu „Chargy“ an de Schnellluetstatiounen sollen d’Lëtzebuerger Residenten och doheem d’Méiglechkeet hunn, hiert elektresch Gefier opzelueden an esou d’Netz u Statioune weider ze verdichten. Dës Opluetstatioune ginn natierlech dann och mat gréngem Stroum versuergt.
Mat dëser „rentabeler, komfortabeler a sécherer Léisung“ soll duerch speziell Primmen déi „nohalteg a propper Mobilitéit“ gefërdert ginn.
D’Demande op finanziell Hëllef ka fir d’Installatioun, respektiv technesch Upassungen un der schonn existenter Statioun, den Equipement an d’Sail selwer agereecht ginn. De Montant ännert dobäi jee no Unzuel vun de Plazen an Intelligenz vun der Statioun:
Bleift nach ze preziséieren, datt dës finanziell Hëllef sech u physesch Persounen adresséiert, déi Proprietär oder Locataire vun enger Parkplaz zu Lëtzebuerg sinn. D’Demande bezitt sech just op eng Plaz pro Wunnunitéit. De kommerziellen Notzen oder Weiderverkaf sinn ausgeschloss.
Areeche kann/soll ee seng Demande via www.guichet.lu oder www.clever-primes.lu, an dat spéitstens 12 Méint no der leschter Rechnung bei:
Administration de l’environnement
Subsides et aides financières
1, avenue du Rock’n’Roll
L-4361 Esch-sur-Alzette
Weider Informatioune ginn et iwwert myenergy (www.clever-primes.lu) oder Telefon (8002 11 90).
Opmaacherbild: © Michael Marais / Unsplash